D'Stacey Feinberg gesäit "wonnerbar Parallellen" tëscht Frieden an Trump
Am RTL-Interview verréit déi nei US-Ambassadrice méi iwwert hire Wee op Lëtzebuerg a wou si Parallellen tëscht den USA an dem Grand-Duché gesäit.
D'Stacey Feinberg, déi nei US-Ambassadrice zu Lëtzebuerg, seet, hir Arrivée am Grand-Duché wier d'Resultat vun engem perséinleche Choix an net vu politeschem Zoufall. An hirem éischten Interview mat RTL huet déi fréier Entreprenesch a Investisseuse Lëtzebuerg als de "Bijou vun Europa" bezeechent an erkläert, si hätt sech direkt beim US-President Donald Trump fir hir nei Roll agesat.
D'Land beschreift si als schéin, sécher, op d'Geschäftswelt ausgeriicht an a groussen Deeler mat amerikanesche Wäerter am Aklang.
Obwuel si nach ni zu Lëtzebuerg war, éier si hiert Amt ugeholl huet, hunn hir éischt Deeg am Land hir Erwaardunge bestätegt. Vum Blummemaart op der Place Guillaume II bis zum Treffe mam "Groussherzog Guillaume selwer" beschreift si Lëtzebuerg als waarm a frëndlech – an dat aktuellt Wieder géif si esouguer un den Hierscht an hirer Heemechtsstad Boston erënneren.
© Maison du Grand-Duc
Eng onkonventionell Carrière
D'Stacey Feinberg ass keng Karriärsdiplomatin, mee si ass iwwerzeegt, datt grad hire gemëschte professionelle Parcours si fir dës Roll qualifizéiert.
Hiren CV ass deementspriechend divers, vu juristesche Kontrakt-Verhandlunge bis zu Aarbecht am Ënnerhalungsberäich, vum Leede vun engem Hedge-Fong bis zum Opmaache vu Sportsbaren uechter d'USA. Si huet och vill a Start-ups investéiert, besonnesch vu Fraen, déi no Karriärspausen oder wéinst feelendem Startkapital manner Ënnerstëtzung kruten.
Als Mënsch, dee gäre Risiko hëlt, erzielt si, eng vun hire schéinsten Erfollegsgeschichte wier d'Entwécklung vun enger Iddi vun enger Kriibspatientin gewiescht. Sou huet si dozou bäigedroen, Apparater, déi hëllefen Hoerausfall wärend der Chemotherapie ze reduzéieren, méi gënschteg an zougänglech ze maachen. Ze gesinn, wéi vill dës Technologie fir Betraffener géing bewierken, hätt si immens houfreg gemaach, sou d'Ambassadrice.
"All déi verschidden Erfarungen, déi ech a mengem Liewe gesammelt hunn, hu mech op dëse Punkt, op dës Plaz bruecht", erkläert si. D'Konscht vum Multitasking, déi si als Mamm vu véier Kanner geléiert hätt, géif och eng wichteg Roll spillen.
D'Verbindungtëscht Entreprenariat an Diplomatie gesäit d'Stacey Feinberg doranner, perséinlech Relatioune mat Leit ze féieren: "Mäi Wuert ass mäi Kontrakt, wann ech Iech d'Hand ginn, ass dat eisen Accord." Vill dovun hätt si vun hirem Papp geléiert, engem Sportsaffekot, dee si vu Kleng un iwwerall hi matgeholl hätt, vum Super Bowl bis hin zu Olympesche Spiller – an deen si och 1985 engem jonken Donald Trump virgestallt hätt, deen deemools nach am Immobiliëberäich ënnerwee war.
Haut bezeechent si den Trump als perséinleche Frënd an e "wonnerbare Mann".
Frieden, Trump a regéieren am CEO-Stil
D'Stacey Feinberg huet de Premier Luc Frieden scho kennegeléiert an ass no eegene Wierder vu sengem "CEO-Stil" beandrockt, besonnesch vu senger Affinitéit fir d'Geschäftswelt.
Op d'Fro, ob sech d'Manéiere vum Premier a vum President Trump géife gläichen, sot si: "Ech gesi wonnerbar Parallellen tëscht dem Premier an eisem President." Béid hätten no hirer Siicht vergläichbar Instinkter a géifen d'Wichtegkeet dovun erkennen, Expertise aus der Privatwirtschaft mat an d'Regierung ze bréngen.
D'Ambassadrice hofft, hir eege Geschäftserfarungen ze notzen, fir d'transatlantesch Zesummenaarbecht ze verdéiwen – besonnesch an Zukunftssecteuren, an deene Lëtzebuerg scho staark ass: Raumfaart, Satellitten, Datenzentren a Kënschtlech Intelligenz. "All déi Industrië vun der Zukunft passéiere schonn haut hei zu Lëtzebuerg", sou d'Diplomatin.
Gläichzäiteg wëll si US-Firmen den Zougang zu Lëtzebuerg vereinfachen an Entreprisen aus dem Grand-Duché dobäi ënnerstëtzen, am amerikanesche Marché Fouss ze faassen an ze wuessen.
Keng militäresch Garantien, mee den Trump ass de "Friddenspresident"
Beim Thema Sécherheet war si méi zeréckhalend: Op d’Fro, ob d'USA Lëtzebuerg an d'EU am Fall vun enger direkter russescher Aggressioun verdeedege géifen, sot si, si kéint just "spekuléieren" an huet duerfir keng Garantië ginn.
Si huet awer drop higewisen, datt den Trump drop fokusséiert wier, Konflikter séier ze léisen: "Alles, wat ech Iech soe kann, ass, dass de President Trump de Friddenspresident ass. Hie wëll all Krich op en Enn bréngen, besonnesch deen tëscht der Ukrain a Russland."
Si sot weider, den Trump hätt "aacht Kricher an aacht Méint op en Enn bruecht" an hofft, datt d'Ukrain deen nächst geléiste Konflikt géif ginn. D'Regierung wéilt hiren Aussoen no onbedéngt eng laang militäresch Interventioun wéi am Vietnam vermeiden.
Relatioune mat China: jo zu oppenem Dialog, mee nee zu blannem Vertrauen
Ier se de Posten am Grand-Duché konnt untrieden huet d'Stacey Feinberg misse vum Senat gehéiert a confirméiert ginn. Hei hat si gesot, si wéilt Lëtzebuerg iwwer d'Gefor vu China opklären – eng Ausso, déi zu Reaktioune vun der chineesescher Ambassade an och vum Ausseminister Xavier Bettel gefouert hat, dee betount hat, Lëtzebuerg bréicht net opgekläert ze ginn.
D'Ambassadrice ass bei hirem Message bliwwen, och wann et eng méi virsiichteg Formuléierung gouf. D'USA géife weiderhin den Dialog mat China sichen an hire Partner dat selwecht roden – mee si warnt awer viru Risiken am Beräich Dateschutz, kritesch Infrastrukturen a Sécherheet, dat wann europäesch Acteure mat chineesesche Firmen zesummeschaffen.
"Dir musst Iech net vu China scheede loossen, mee mir hätte wierklech gären, wann Dir eis als Partner géingt virzéien", sou d'Conclusioun vun der Ambassadrice.
Den Charlie Kirk an de Kampf ëm Meenungsfräiheet
D'Stacey Feinberg ass och op hir enk Bezéiung mam konservativen Aktivist Charlie Kirk agaangen, de Grënner vun Turning Point USA, deen am September erschoss gouf. Si war fréi Supporterin vu senger Organisatioun, déi si duerch den Donald Trump Jr. an hir eege Kanner entdeckt hätt – Kanner, déi no hirem Empfannen ëmmer méi limitéiert ideologesch Grenzen op elitären US-Universitéiten, wéi Harvard a Yale, gesat kruten.
Hir Donatiounen, esou d'Stacey Feinberg, wiere vun engem Engagement fir Meenungsfräiheet ugedriwwen an net vu Parteipolitik: "Studente goufe geléiert, wat se denke sollen, net wéi se denke sollen." De Kirk hätt si un en autodidaktesche Philosoph erënnert, dee gäre mol Platon an Aristoteles zitéiert hätt a Wäerter wéi d'Gëlle Reegel, d'Familljeliewen an de respektvollen Echange héichgehalen hätt.
De Kirk hätt gelieft wéi en "Hellegen" a wier gestuerwe wéi e "Märtyrer", a si hätt d'Gefill, seng Presenz géif si och hei zu Lëtzebuerg weiderhi begleeden. A "vläicht" hätt de Kirk esou guer dozou bäigedroen, datt si hire Posten zu Lëtzebuerg krut, sou d'Ambassadrice.
Eng Missioun ouni Enn
Trotz hirer Begeeschterung fir Lëtzebuerg mécht d'Stacey Feinberg sech keng Illusiounen iwwert d'Komplexitéit vun hirer Aufgab. Zu hiren Ziler gehéiert eng Verbesserung vun de Konditioune fir Entrepreneuren, méi Ënnerstëtzung fir Entreprisen, déi vu Frae geféiert ginn, an eng Stäerkung vum bilateralen Handel.
Mee an der Diplomatie géif et kee Moment ginn, an deem d'Missioun als "ofgeschloss" gëllt. "Et wëll een ëmmer e Schratt weidergoen a méi erreechen", seet si – eng Philosophie, déi zu hirer eegener Karriär passt.
Lëtzebuerg wier duerfir fir si de richtegen nächste Schratt: "Diplomatin ze sinn ass genee déi Plaz, wou ech zu dësem Zäitpunkt a mengem Liewe soll sinn."