BPCO ass eng Otemweeerkrankung. Hei zu Lëtzebuerg wären iwwer 40.000 Leit dovunner betraff. Eng Therapie iwwer e puer Méint kann hëllefen.

D'Astrid, d'Hélène an d'Eliane hunn eppes gemeinsam. Allen dräi hunn déi selwecht Krankheet: BPCO heescht déi. Bei dëser chronescher Krankheet sinn d'Longen an d'Broche betraff. D'Ootme fält engem schwéier. "Les symptômes sont très souvent la toux, des difficultés respiratoires qui sont un problème majeur des patients". Dëst erkläert d'Elise Schwartz, Doktesch am Rehazenter um Kierchbierg.

"Diagnos BPCO hunn ech virun 12 Joer kritt". Esou d'Hélène Hentz. "Ech hu 50 Joer laang gefëmmt". Sou déi eeler Fra am RTL-Gespréich. Elo kennt si e puer Mol d'Woch op de Kierchbierg. Zweemol d'Woch huet d'Hélène Hentz wärend all Kéiers enger Stonn Rendez-vous beim Sporttherapeut. "Bei eis geet et drëms, de Patienten erëm d'Loscht an d'Motivatioun ze ginn, fir sech nees ze beweegen. Wichteg bei dëser Krankheet ass et am Alldag aktiv ze bléiwen". Sou de Sporttherapeut Christophe Mahé am RTL Interview.

Kraafttraining ass e wichtegt Element bei dëser chronescher Krankheet. "Mat der Pathologie, déi d'BPCO Patienten aktuell hunn, huet een och e bëssi Muskelkraaft déi fortgeet". Sou den Therapeut weider. Zil ass et, dass déi concernéiert Mënschen duerno am Alldag nees kënnen d'Trape goen a Saachen ophiewen. "Bei de BPCO Patiente muss ee vill Widderhuelunge maachen. Wichteg ass et awer och duerno op de Beräich Kraaft ze goen", sou de Christophe Mahé.

"Mir wëlle kengem een Echec aussetzen" 

De Programm fir e Patient mat Longen- a Broncheprobleemer ass op dräi Méint ugesat. "Bei verschiddene Leit gräift Therapie ewéi bei anerer". Sou de Jérôme Kaps, Responsabel fir de Kinésberäich am Rehazenter. "De Coaching spillt och eng wichteg Roll bei BPCO-Patienten. De Patient op e gewëssenen Niveau bréngen, dass hien nees eng Aktivitéit selwer maache kann an och nees Vertrauen a sech an a säi Kierper gewënnt. Duerno misst d'Persoun kapabel sinn, sech selwer ze soignéieren", sou de Kiné.

"BPCO ass keng nei Erkrankung. Et ass eng Krankheet, déi mir scho laang kennen. Den Haaptfacteur ass d'Fëmmen oder d'Loftverschmotzung. An de leschten 20 bis 30 Joer huet d'Medezin awer e grousse Progrès gemaach. Haut stelle mir fest, dass eng Sportaktivitéit dee selwechte Stellewäert soll hunn ewéi e Medikament", sou nach de Jérôme Kaps am RTL-Interview.