Op der Polvermillen ass um fréie Freideg den Owend eng gréisser Policeaktioun.

Do gouf nämlech wéinst engem verdächtege Pak eng Tankstell ofgespaart. Op Nofro hin heescht et vun der Police, datt d'Situatioun iwwerpréift géing ginn.

Weider Detailer sinn am Moment net bekannt. Wéinst dem grousse Police-Dispositif kann et an der Polvermillen zu Perturbatiounen am Trafic kommen.