An der Stad sinn d'"Winterlights" lancéiert






























































































































































































































































































































































































































































E Freideg de Moien ëm 11 Auer konnten d‘Forainen hir Buden opmaachen. D'"Winterlights" ginn dann och nach bis de 4. Januar.
Déi offiziell Ouverture war dunn e Freideg am Nomëtteg. Noenee goufen tëschent der Gare an der Uewerstad d'Mäert opgemaach.
Dorënner de "Lëtzebuerger Chrëschtmaart" op der Plëss, de "Wantermaart" bei der Gëlle Fra, de "Wanterpark" mat enger Schlittschongpiste op der Kinnekswiss, den "Niklosmaart" op der Paräisser Plaz a ganz nei de "Sapin Royal" um Hamilius. Hëlze Chaleten, faarweg Luuchten, de Geroch vu waarme Käschten, a Glühwäin läit do iwwerall an der Loft an suergt fir festlech Chrëschtdagsstëmmung an der Stad.
Ganz nei ass och dat sougenannten Adventskalennerhaus um Knuedler. Ee grousse Chalet, wou een z‘iessen an ze drénke kritt, a wou vum éischten Advent bis Chrëschtdag all Dag eng Dier opgeet, wéi de Forrain Alexander Goetzke erkläert.
"Und um so weiter die Adventstage vorgeschritten sind, umso mehr Türchen öffnen sich regelmässig alle anderthalb Stunden, damit déi Kinder alle das Neue sehen kënnen. Da gibt es hinter jedem Fenster eine andere Figur un d' ein anderes weihnachtliches Motiv un d' das wird sich jeden Tag öffnen."






























































Donieft gëtt um Knuedler mam "Winterkids" e Chrëschtmaart speziell fir Kanner organiséiert. Wärend der Schoulvakanz, déi den 20. Dezember ufänkt, gëtt et hei dann zousätzlech de "Winterkids-Village". Hei kënnen d'Kanner an hir Elteren un enger Partie Atelieren an aneren Aktivitéiten deelhuelen, wéi de Laurent Schwaller, Responsabele fir Fester a Mäert an der Stad, erkläert.
"Um Winterkids sinn am Fong zwou Komponenten. Dat ass den Adventskalennerhaus, d‘Karussell an déi nei Rutsch och, déi extra heifir gebaut ginn ass. An da kënnt de "Winterkids-Village", deen ass awer just wärend der Chrëschtvakanz, also vum 20. Dezember bis de 4. Januar. Do sinn Atelieren, Workshops, do kann ee bastelen, do kann ee Saache nolauschteren a kucken, Akrobatik gëtt gebueden. Do ass ee ganze Programm, deen een och um Internetsite vun der Stad Lëtzebuerg fënnt, wou all Dag, ausser de 25. Dezember, an der Chrëschtvakanz, hei Animatioun ass vu Moies 11 bis Owes 18 Auer."
Weider Attraktioune sinn de "Festival international du cirque" an de "Lëtzebuerger Adventszirkus", déi den 29. an 30. November respektiv de 4. an de 5. Dezember um Glacis sinn.
Den 30. November mécht iwwerdeems de Kleeschen den Tour duerch d'Stad.