E Samschdeg de Moie fréi eiser Zäit ass de Qualifying fir de Grousse Präis vu Las Vegas gefuer ginn.

Bei naasse Wiederkonditiounen huet sech e Samschdeg de Moie fréi Lëtzebuerger Zäit de WM-Leader Lando Norris d'Pole Position fir de Grousse Präis vu Las Vegas geséchert. De Britt war mat sengem McLaren am Qualifying trotz engem klenge Rutscher an der decisiver Ronn dräi Zéngtel méi séier wéi de Max Verstappen op Red Bull a start domadder fir drëtter Kéier noenee vu Plaz 1. Déi drëtte Plaz am Qualifying huet sech de Spuenier Carlos Sainz op Williams geséchert.

Dräi Coursse viru Schluss läit de Lando Norris mat 390 Punkten un der Spëtzt vum WM-Klassement. Säi McLaren-Coequipier Oscar Piastri, deen de 5. ginn ass am Qualifying, huet 366 Punkten um Kont an de Verstappen, deen och nach Chancen op den Titel huet, kënnt op 341 Punkten. Egal wéi d'Course e Sonndeg zu Las Vegas ausgeet, huet den Norris den nächste Weekend beim Grousse Präis vum Katar d'Chance, eng éischter Kéier Weltmeeschter ze ginn. Mat enger Victoire an den USA géing en den nächste grousse Schratt dohinner maachen.

D'Course gëtt e Sonndeg de Moien um 5 Auer Lëtzebuerger Zäit gefuer. Vu 4.30 Auer u sinn d'Kolleege vun der Tëlee um RTL ZWEE an um RTL Play live fir Iech mat dobäi.

Klickt hei, fir op de ganzen Dossier (News, Fotoen a Replay) vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.

De Resumé vum Qualifying

Am Q1 goufe mat Lewis Hamilton, Yuki Tsunoda a Kimi Antonelli direkt dräi Pilote vun den Top-Ecurien eliminéiert. Fir de Lewis Hamilton gouf et op en Neits en Debakel. De 7-fache Weltmeeschter ass mat sengem Ferrari net iwwer déi leschte Plaz erauskomm. Dat war 2017 fir hien déi leschte Kéier de Fall. Dës Saison konnt de Britt bis ewell och nach ni op de Podium fueren an dat dierft dann och zu Las Vegas schwéier ginn. Eliminéiert goufen dann nach nieft dem Japaner Yuki Tsunoda op Red Bull an dem Italiener Kimi Antonelli op Mercedes, nach de Brasilianer Gabriel Bortoleto op Sauber an den Alexander Albon op Williams. De lescht genannten hat kuerz virum Enn vum Q1 nach eng Touchage mat der Mauer an huet sech säin Auto beschiedegt.

Feierowend war am Q2 fir den Däitschen Nico Hülkenberg op Sauber, de Kanadier Lance Stroll op Aston Martin, den Argentinier Franco Colapinto op Alpine an déi zwee Haas-Piloten Esteban Ocon an Oliver Bearman. Fir de Bearman geet domadder eng staark Serie op en Enn. Hien hat et véier Mol hannereneen an de Q3 gepackt, zu Las Vegas sollt ëm dat net geléngen.

Am Q3 huet de Lando Norris bei naasse Wiederkonditiounen a killen Temperaturen déi séierste Ronn op den Asphalt bruecht. Hien huet sech virum Hollänner an aktuelle Weltmeeschter Max Verstappen an dem Spuenier Carlos Sainz behaapt. Fir dem Teamkolleeg vum Norris Oscar Piastri gouf et e Réckschlag am Duell ëm de WM-Titel. Den Australier ass hannert dem George Russell op Mercedes nëmmen de Fënnefte ginn.

Fir den Norris ass et déi siwent Pole an dëser Saison an déi 16. a senger Karriär.

Béid Mercedes-Piloten haten nom Qualifying eng Strof ze fäerten, ma um Enn kënnen den George Russell an de Kimi Antonelli d'Startplaze 4 a 17 behalen. Och wann d'Setup-Astellungen net wéi virgesi virum Qualifying bei de Kommissären ukomm sinn, konnt Mercedes beweisen, dass si d'E-mail mat Zäite fortgeschéckt haten. Et geet ee vun engem IT-Problem aus, fir deen d'Écurie net responsabel gemaach ka ginn.

FORMULA 1 HEINEKEN LAS VEGAS GRAND PRIX 2025

D'WM-Wäertung

De Kalenner vun der Saison 2025