De Wocheréckbléck vun der RTL-Redaktioun.

Véier Doudeger a schroem Accident bei Tréier

D’Nouvelle vum schroen Accident net wäit vun Tréier en Dënschdeg de Moien huet och zu Lëtzebuerg vill Leit beweegt a war deemno och eise meeschtgeliesten Artikel dës Woch. Eng Famill vu Bitburg - e 45 Joer ale Mann, eng 42 Joer al Fra an e siwe Joer aalt Kand - an e Camionschauffer vun 53 Joer aus dem Landkrees Trier-Saarburg sinn am Accident ëm d'Liewe komm. Vum Familjemupp Balou huet nom Accident all Spuer gefeelt. E Freideg koum dunn déi traureg Nouvelle, datt och den Hond net iwwerlieft huet.

Alphabetiséierung op Franséisch

Een Artikel, dee bei eis um Site dës Woch besonnesch vill kommentéiert gouf, war dee vun der Radiosemissioun "Dir hutt d'Wuert", wou den Educatiounsminister Claude Meisch de Leit zum Thema "Alphabetiséierung op Franséisch" Ried an Äntwert gestanen huet. De Minister huet betount, duerch d'Alphabetiséierung op Franséisch an de Grondschoule géif keen eppes verléieren, ma villméi géif et de Schüler nei Chancë ginn.

Zweet Russland-Rees vum ADR-Politiker Fernand Kartheiser

Den ADR-Politiker Fernand Kartheiser huet dës Woch fir Opreegung gesuergt, mat der Nouvelle, datt hien nees a Russland war. No senger Rees op Moskau am Mee, wéinst där hien aus der EKR-Fraktioun am EU-Parlament ausgeschloss gi war, war hien dës Kéier zu Sochi. Do hat hien ënnert anerem eng Entrevue mam Dmitri Medvedev, dem Vizepresident vum nationale Sécherheetsrot a Russland.

Fir de laangjäregen ADR-Politiker Roby Mehlen war domat d’Faass voll: hien ass aus der Partei ausgetrueden an huet seng Éierepresidence ofginn. Säi fréiere Parteikolleeg hätt sech mat senger Rees an dem Treffe mam Medvedev "zum Propagandist vun der russescher Verbriecherclique" gemaach. "D’ADR, déi ech iwwer 20 Jar presidéiert hunn, huet sech hanner hieren Europadeputéierte Fernand Kartheiser an séng Putin-frëndlech Politik gestallt", esou de Robert Mehlen. "Déi Attitude vun der ADR ass mat ménger Opfaassung vu Rechtstaatlechkeet, Fräiheet an Demokratie onvereinbar."

Weltkannerdag a Kanner am Aarmutsrisiko

En Donneschdeg war Weltkannerdag, an dat war och bei RTL net ze iwwersinn. Déi Jonk konnte bei eis Artikele schreiwen an hu souguer d’Wieder presentéiert.

Vun der Unicef gouf et allerdéngs zum Weltkannerdag eng erschreckend Statistik: Zu Lëtzebuerg ass 1 vu 4 Kanner dem Aarmutsrisiko ausgesat, dat si ronn 30.000 Kanner. Unicef betount, datt d’Aarmut vermeidbar wier, wann d’Politik geziilt géif géigesteieren a mécht an hirem Rapport och konkreet Recommandatiounen.

Amazon baut Aarbechtsplazen zu Lëtzebuerg of

Zu Lëtzebuerg schaffen aktuell eng 4.500 Leit fir d'Online-Commerce-Plattform Amazon. Ma dat wäert net esou bleiwen. RTL-Informatiounen no solle 470 Plazen zu Lëtzebuerg ofgebaut ginn. Eng Zuel, déi Amazon Lëtzebuerg op Nofro hin net confirméiert - et wier nach ze fréi, e Chiffer ze nennen.

Weder Amazon nach den OGBL nennen iwwerdeems en Datum fir den Optakt vun den Negociatioune fir e Sozialplang. Den Aarbechtsminister Georges Mischo wollt d'Theema e Freideg mat an de Regierungsrot huelen.

Kessler-Zwillinge sinn zesummen aus dem Liewe gaangen

De 17. November waren déi bekannt däitsch Entertainerinnen am Alter vun 89 Joer gestuerwen. Déi Däitsch Gesellschaft fir Humaant Stierwen (DGHS) huet dem Bayrischen Rundfunk no confirméiert, datt d'Zwillingsschwësteren hiren Doudesdag selwer erausgesicht haten. Fir si wier scho méi laang kloer gewiescht, datt si zesumme wéilten aus der Welt goen.

Den assistéierte Suicide vun de Kessler-Zwillinge léist an Däitschland den Ament iwwerdeems nees eng Debatt iwwer d'Euthanasie opliewen, an déi sech och de fréiere Gesondheetsminister Karl Lauterbach mat abruecht huet.

Projet vun der Spidolsantenn zu Wickreng ass vum Dësch

Eng Spidolsantenn am GridX zu Wickreng - déi Iddi wäert elo awer net Realitéit ginn. De Conseil vum Escher Spidol huet unanime decidéiert, sech op d’Entwécklung vun den dräi Haaptsitten - d’Südspidol, Diddeleng an Nidderkuer - ze konzentréieren.

Stater Chrëschtmaart ass BBC-Favorit

E Freideg geet ganz offiziell d’Chrëschtdagssaison an der Stad lass: d’Winterlights ginn op. Scho virun der Ouverture krut de Wantermaart héije Luef: an engem neie Ranking vun der BBC vun de schéinste Chrëschtmäert an Europa hunn d’Winterlights an der Stad et op déi éischte Plaz gepackt.

Mat am beschten huet der Journalistin gefall, datt et zu Lëtzebuerg net esou iwwerfëllt wéi op anere Plaze wier: "Déi wierklech Freed? Alles kënnen ze erliewen, ouni sech musse mat den Ielebéi duerch d'Leit ze kämpfen." Ma och d'Gromperekichelcher an d'Kniddelen hunn hir gutt geschmaacht.

#BamChallenge geet zu Lëtzebuerg viral

Den Ament mécht eng viral Challenge zu Lëtzebuerg an de soziale Medien d'Ronn - a souguer den neie Grand-Duc Guillaume huet scho matgemaach! Bei der #BamChallenge huet een, soubal een nominéiert gouf, 72 Stonnen Zäit,  e Bam ze planzen, e Video dovun ze maachen an nees nei Kandidaten ze nominéieren. Eng sëllege Scouteveräiner, Asblen an och Privateit hu scho matgemaach an hunn eis dovunner Fotoe geschéckt.