Facebook-Like-AffärJoe Thein vum ADR-Nationalkomitee aus Partei ausgeschloss

Am Kontext vum ëmstriddene Facebook-Post huet den Nationalkomitee vun der Partei um Donneschdeg den Owend decidéiert, fir de Joe Thein auszeschléissen.

De Joé Thein muss sech eng nei politesch Heemecht sichen. Den Péitenger Gemengeconseiller gouf en Donneschden den Owend vum ADR-Nationalkomitee mat grousser Majoritéit aus der Partei ausgeschloss. Dat nodeems de President Schoos an de Generalsekretär Penning d'Resultater vun hirer Enquête - à charge et à décharge - virgedroen haten.

Thein vs ADR / Reportage: Eric Hamus


Ausléiser war den ominéisen "Like" vun engem Kommentar op Facebook, an deem eng Uspillung op den Doud vum John F. Kennedy zu Dallas gemaach an dem Jean Asselborn genee esou een Doud gewënscht gouf.

Dat eleng war awer net de Grond vum Ausschloss. Selbstverständlech hätt een eng Enquête gemaach, sou de Jean Schoos. Dee Rapport hätt een dem Nationalkomitee virgedroen an dono hätt de Joé Thein selwer drop kënne reagéieren, wat hien och gemaach hätt. Et wär schlussendlech d'Zomm vu Saachen aus de leschte 6-7 Joer, déi zu dëser Decisioun gefouert hätt.

Et wären net nëmmen d'Antecedenten, déi matgespillt hätten, mee haaptsächlech seng Reaktioun a seng Explicatioun par rapport zu deem "Like", déi den Nationalkomitee consideréiert hätt, sou den Alex Penning. D'CSV hätt eng Kéier gesot "E Kräiz ass schnell gemaach" an an deem hei Fall kéint een och soen "E Like ass schnell gemaach", mee dorëm géif et net goen.

Et wier dat dann och ee ganz kloert Signal no baussen, esou de Jean Schoos, datt an der Partei eng gewësse politesch Kultur herrscht, an eng aner ni herrsche wäert.

Fir de Joé Thein ass et iwwerdeems net nëmmen drëms gaangen, hien politesch kal ze stellen. Hie selwer gesäit sech vum partei-interne Muecht- a Richtungskampf gelyncht. Dësen hätt elo d'Chance gebueden, seng Persoun politesch auszeschalten. Ma si hätten domat och eng wichteg Parteistruktur an eng ADR-Héichbuerg ëm hien als Péitenger Gemengeconseiller zerschloen.

Hie wéilt seng patriotesch geleeten Initiativen awer viru féieren, sou de Joé Thein. Enger Schold ass sech de Péitenger net bewosst. Hie wär guddem Häerzens a guddem Gewëssens d'Parteiprinzipien a kengster Form verletzt ze hunn. Während sengen 9 Joer Mandatszäit hätt hien d'Partei ëmmer gutt a richteg vertrueden an dat hätt de Wieler och entspriechend honoréiert.

E politesche Comeback wier sou gutt wéi sécher. Vläicht esouguer an der - Zitat - Neigrënnung vun enger echter konservativer Partei. Dem Péitenger Gemengerot wéilt de jonken Politiker awer trei bleiwen. Bis op Weideres dann mol als parteilosen Conseiller.

Hei d'Schreiwes vun der ADR

Am Kader vum Disziplinarverfahren, dat den Nationalkomitee a senger Sëtzung vum 1. Mäerz géint de Joe Thein decidéiert huet, nodeems de Parteipresident Jean Schoos an de Generalsekretär Alex Penning den 3. Mäerz de Joe Thein am Numm vum Nationalkomitee gehéiert hunn, nodeems si haut dem Nationalkomitee hire Rapport virgeluecht hunn, aus deem ervirgeet, datt de Joe Thein am Laaf vun deene leschte Joeren, no ville Gespréicher tëscht de Responsabele vun der Partei an him, e sëlleche Mahnungen ausgesprach krut, well hien d’Prinzipie vun der Partei net respektéiert huet, huet den ADR-Nationalkomitee festgestallt, datt de Joe Thein, trotz deene sëllechen Ermahnungen, weiderhin Aktiounen ënnerholl huet, déi der Partei geschued hunn an huet doropshinn decidéiert, de Joe Thein aus der ADR auszeschléissen.



Ëm dësen RTL-Artikel vum leschte Méindeg geet et: "Polneschen Ambassadeur zu Lëtzebuerg: 'Beleidegend Attack vum Jean Asselborn géint Polen' - Déi polnesch Ambassade hei zu Lëtzebuerg reagéiert op déi rezent Aussoe vum Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn iwwert Polen."

Deen Artikel hat RTL och op Facebook gesat an dee war do vum Fernand Kartheiser gedeelt ginn. Den ADR-Deputéierten hat de Lëtzebuerger Ausseminister op där Plaz um Facebook och kritiséiert fir seng Attitude vis-à-vis vu Polen. Eng Persoun hat dat du geliked an eng Uspillung op den Doud vum John F. Kennedy zu Dallas gemaach ... an dem Jean Asselborn genee esou een Doud gewënscht.

De Luc Kalmes huet dëse "Screenshot" gemaach an op Facebook gepost - am Debat ënnert dee vum Fernand Kartheiser gedeelten Artikel.© Facebook


D'ADR hat den Dag no der Polemik dëst Schreiwes erausginn (Extrait)

Als Partei si mir net bereet, Parteimemberen oder Mandatsdréier, déi eendäiteg d'Grenze vun der politescher Ausernanersetzung iwwerschreiden an extremistesch Aussoe maachen oder ënnerstëtzen, ze verdeedegen. Esou Leit musse bei eis mat partei-interne Konsequenze rechnen.

Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.