Op Uerder vum Parquet huet d'Police an der Nuecht op e Sonndeg Alkoholkontrolle gemaach.

D'Kontrolle waren op verschiddene Stroossen an der Stad (Boulevard G.D. Charlotte, Boulevard de Kockelscheuer an der Route d'Arlon) an um Houwald.

127 Leit goufen am Ganze kontrolléiert. Bei sechs Fuerer war den Test positiv. Hei gouf et dräi Mol ee Procès-verbaux an dräi Mol en Avertissement taxé. Ee Chauffer hat esou vill gedronk, datt de Permis nach op der Plaz fort war.