Alkoholiséierte Chauffer muss an de Passagearrest
© Police (Archiv)
Der Police war de Chauffer wéinst ze héijer Vitess opgefall.
Eng Persoun ass e Sonndeg de Moien an de Passagearrest komm. Wéi d'Police an hirem Bulletin schreift, war zu Rodange enger Patrull en Auto opgefall, deen däitlech ze séier ënnerwee war. Wéi d'Beamten d'blo Luuchten ugemaach hunn, ass d'Persoun einfach weidergefuer, bis op e Parking, wou si aus dem Auto geklommen a fortgaangen ass.
Obwuel d'Police dat gesinn huet, huet de Mann dementéiert, dass dat säin Auto wier. Den Alkoholtest, deen doropshi gemaach gouf, ass positiv ausgefall. Well de Chauffer ugefaangen huet, d'Beamten ze beleidegen, an aggressiv ginn ass, koum hien an de Passagearrest.
Weider Abréch uechter d'Land
Zu Zolwer gouf e Samschdeg den Owend géint 19 Auer gemellt, dass eng Persoun an en Eefamilljenhaus agebrach war. Den Täter, dee bis ewell nach net konnt fonnt ginn, soll eng Partie Wäertgéigestänn geklaut hunn.
Zu Hollerech gouf géint 10.30 Auer e Samschdeg den Owend an en Haus agebrach. Den Déif soll iwwer d'Balconsdier erakomm sinn.
A béide Fäll war d'Spueresécherung op der Plaz an d'Ermëttlunge lafen.