"Ech hunn d'Gefill, datt ze vill vun uewe gekuckt gëtt"
© Marc Hoscheid
D'Gemengemamm géing sech wënschen, datt déi lokal Politik, grad am ländleche Raum, méi an Decisiounen agebonne gëtt, déi si konkret um Terrain betreffen.
Wann een d'Leit an der Stad oder am Minett freet, wou da genee d'Gemeng Pëtschent läit, dierften der vill soen, datt se guer net wossten, datt et iwwerhaapt eng Gemeng mat deem Numm gëtt. Alternativ gëtt Pëtschent och nach vläicht mat Pënsch verwiesselt, wat awer eng Uertschaft an der Gemeng Kiischpelt ass. D'Gemeng Pëtschent läit iwwerdeems, graff gesot, tëscht Parc Housen, Tandel a Veianen, also am Nordoste vum Land. A wie scho mol do war an e bëssi eppes mat "Der Herr der Ringe" ufänke kann, dee fillt sech vun der Landschaft mat hiren Hiwwelen, Däller a Baache vläicht bëssi un d'Auenland erënnert. Op ronn 27 Quadratkilometer wunnen hei knapp 1.200 Leit an 11 Dierfer a Lieu-diten.
Zanter de Gemengewale Mëtt 2023 ass d'Fabienne Sinnes-Huberty Buergermeeschtesch vun der ländlech gepräägter Gemeng. Et waren hier zweet Walen als Kandidatin, 2017 war si als "Bäigeprafften", déi gebierteg vu Luerenzweiler ass, bei hirer Première direkt op déi drëtte Plaz komm a gouf 2. Schäffin. Sechs Joer méi spéit gouf si mat néng Stëmme Virsprong op den deemolege Buergermeeschter Roger Zanter Éischtgewielt. Si hätt sech lénks a riets Rot geholl a wier am Ufank och net ganz begeeschter gewiescht, well si Angscht gehat hätt, ma ënnert anerem och de Roger Zanter hätt hier dozou geroden, de Posten unzehuelen. Hien hat si och schonn 2017 dozou motivéiert, sech iwwerhaapt lokalpolitesch ze engagéieren.
















Si hätt virun allem Wäert dorobber geluecht, sech hier Schäffe sou erauszesichen, datt ee sech als Ekipp ergänzt a sech d'Aarbecht opdeele kann, woubäi d'Buergermeeschtesch sech virun allem op de soziale Beräich konzentréiert. Och beim Gemengepersonal wier Teamwork wichteg, ëmmerhi schaffe grad emol dräi Beamten an néng Leit am Service technique op der Gemeng. D'Fabienne Sinnes-Huberty ass vu Beruff Independante, si bedreift zesumme mat enger Frëndin eng Librairie zu Maarnech, als Buergermeeschtesch vun enger klenger Gemeng huet si 15 Stonne Congé politique pro Woch ze gutt. Geet dat dann duer?
De Pëtschter Gemengerot besteet aus 9 Leit, 7 Männer an zwou Fraen, d'Fabienne Sinnes-Huberty huet awer net den Androck, datt si sech als Fra besonnesch hätt mussen duerchsetzen oder anescht behandelt gi wier. Eng Parteikaart huet si iwwregens net, si hätt der zwar schonn ugebuede kritt a si géing och bei enger Partie Parteie gutt Punkte gesinn, mee keng géing si genuch iwwerzeegen, fir bäizetrieden.
Wat d'Gemeng Pëtschent ugeet, sinn Aarbechtsplazen éischter rar geséint, virun allem an der Industrie. D'Société Électrique de l'Our, kuerz SEO, huet zwar hire Sëtz zu Stolzebuerg an domadder an der Gemeng Pëtschent, mee doduerch kéime manner Suen an d'Keess, wéi dacks gemengt gëtt. Dat géing och dorunner leien, datt een Deel vun de Leit, déi do schaffen, hier Aarbechtsplaz um Pabeier an der Stad hunn oder haten an doduerch deen Deel vun der Gewerbesteier un d'Stad Lëtzebuerg an net u Pëtschent geet, respektiv gaangen ass. An och soss hätt d'Gemeng et schwéier, änlech Aarbechtsplazen ze schafen.
Wat déi genannte Zone industrielle ugeet, sou sollt déi an Zesummenaarbecht mat den Nopere vu Buerschent an Tandel entstoen. Een anere wirtschaftleche Volet, wou vläicht méi einfach Aarbechtsplazen entstoe kéinten, ass dee vum Tourismus. D'Koffer-Grouf zu Stolzebuerg, déi vum lokale Syndicat d'initiative geréiert gëtt, wier do aktuell dee gréisste Magnéit, ma och d'Stolzebuerger Schlass an eng Partie Wander- a Vëlosweeër zéien Touristen un. Doriwwer eraus gëtt och vill Erënnerungsaarbecht mat Bléck op d'Evenementer wärend dem 2. Weltkrich geluecht, wou de Lokalhistoriker Marcel Scheidweiler eng wichteg Roll spillt. Ma ob méi oder manner Aarbechtsplazen, Pëtschent wier op kee Fall eng "Schlof-Gemeng", et hätt een eng Partie Veräiner, dorënner dräi Jeunessen, déi fir Liewe suerge géingen an et hätt een an der Vergaangenheet eng Partie innovativ Projeten ëmgesat, zum Beispill eng Cité, déi mat engem Wärmenetz an Holzhackschnitzel gehëtzt gëtt, Stroosseluuchten, déi just bei Bedarf liichten installéiert an am Moment géing een eng Plaz amenagéieren, vun där aus een d'Stäre soll kënne kucken.
Ma net just beim Punkt vun der Industriezone huet d'Fabienne Sinnes-Huberty den Androck, datt d'Interesse vun de Gemenge vun der nationaler Politik net genuch berécksiichtegt ginn. Si nennt e Beispill, dat passenderweis ëmmer den Dada vum Ali Kaes war, dee jo laang Joren un der Spëtzt vun der Nopeschgemeng Tandel stoung.
Dowéinst géing si et och gutt fannen, datt Lokalpolitiker an der Chamber vertruede sinn, och wa si sech heiansdo wonnert, wéi verschidde Leit déi Duebelbelaaschtung packen. Wat d'N7 ugeet, géing déi Pëtschter Buergermeeschtesch iwwregens léiwer een Ausbau op véier Spuere wéi just déi geplangte Securisatioun gesinn.
Wat d'Finanze vu Pëtschent ugeet, sou wieren déi am Verglach mat villen anere Gemengen zwar nach gutt, ma dat nächst Joer wäert een awer wuel net dolaanscht kommen, fir d'éischt ee Prêt opzehuelen. Et huet een nämlech schonn nach e puer Projeten, déi een an dëser Legislaturperiod gären ëmsetze géing.
Virun allem d'Duerf-Erneierung vu Weller wäert an d'Geld schloen an dono wäert de finanzielle Spillraum dann och méi ageschränkt sinn. Do läit et op der Hand ze froen, ob eng Fusioun da keng Optioun kéint sinn?
Elo scho schaffe Pëtschent an d'Nopeschgemeng Parc Housen am Syndicat intercommunal pour l’Education, l’Enseignement, le Sport et les Loisirs, kuerz SISPOLO, zesummen. De SISPOLO gouf 1984 vun den deemolege Gemengen Housen an Houschent gegrënnt, 1990 koume Konstem a Pëtschent dobäi. 2012 si Konstem, Houschent an Housen zur Gemeng Parc Housen fusionéiert. Am Fong war eng Fusioun vun deene véier SISPOLO-Gemengen ugeduecht, ma d'Lokalpolitiker vu Pëtschent hu sech awer dogéint entscheet.
A well sech déi Meenung bis haut net grondsätzlech geännert huet, feiert Pëtschent dat nächst Joer am Mee säin 200. Gebuertsdag. Ob een och den 300. feiere wäert, dat steet nach an de Stären.