Iwwer d'Weiderféiere vu Gespréicher iwwert eng méiglech Nordstadfusioun hunn d'Awunner decidéiert, a sinn zu engem klore Resultat komm.

An der Gemeng Ierpeldeng-Sauer gouf e Sonndeg gewielt. Per Referendum gouf decidéiert, ob d’Aarbecht déi nächst zwee Joer solle weidergoen, fir d’Gemeng op déi méiglech Nordstad-Fusioun mat Ettelbréck, Dikrech a Schieren ze preparéieren.

D’Awunner vun Ierpeldeng, Angelduerf a Bierden hunn e Sonndeg mat 58,88% fir d’Weiderféiere vun de Fusiounsgespréicher gestëmmt. De Referendum war néideg ginn, nodeems et am Gemengerot zu Onstëmmegkeete komm war. Véier Conseillere ware fir eng Fusioun, véier dogéint, bei enger Enthalung.

Fir aus der Patt-Situatioun erauszekommen, hat de Conseil decidéiert, d’Fro un d’Bierger weiderzeginn.
Mat hirem „Jo“ ënnerstëtzen d’Awunner d’Iddi an d’Méiglechkeete vun enger vereenter Nordstad weider z’analyséieren. Eng definitiv Fusioun misst awer eréischt 2027 an engem zweeten, lokale Referendum confirméiert ginn.

Wou ass wéi ofgestëmmt ginn?

64 Prozent "Jo" zu Ierpeldeng
63 Prozent "Jo" zu Angelduerf
56 Prozent "Jo" zu Bierden
17,55 Prozent Absencë goufe gezielt.