All d'Matcher am nationale Futtball ofgesot
© RTL-Archiv
An der ieweschter Divisioun vum nationale Futtball-Championnat sollt e Sonndeg d'Suite vum 13. Spilldag sinn.
D'Lëtzebuerger Futtballfederatioun huet an der Mëttegstonn op d'Wiederprevisioune reagéiert an alleguer d'Matcher am nationale Futtball ofgesot. Wéini d'Matcher vun e Sonndeg nogeholl ginn, ass nach net gewosst.
D'Meteolux huet fir e Sonndeg tëscht 14 an 20 Auer eng Alerte Jaune erausginn. Bei Temperaturen ëm de Gefréierpunkt wäert am Nomëtteg vun der Belsch erfort Schnéi a Reen an d'Land erakommen. Den aktuelle Previsiounen no dierft et géint 14 Auer lassgoe mat den éischte Schnéi-, respektiv Reeschaueren. Well d'Temperaturen ëm de Gefréierpunkt leien, kann de Reen och als Glëtz erofkommen.