E Sonndeg de Moie fréi eiser Zäit ass an den USA déi drëttlescht Course vun der Saison gefuer ginn.

Den aktuelle Weltmeeschter Max Verstappen huet de Grousse Präis vu Las Vegas an den USA gewonnen. Den Hollänner konnt mat sengem Red Bull direkt um Depart de Polesetter an aktuelle WM-Leader Lando Norris op Mercedes, deen an der éischter Kéier ze wäit erauskomm war, iwwerhuelen. Iwwer déi komplett 50 Ronnen ass de Verstappen vun der Spëtzt aus enger souveräner Victoire entgéint gefuer an huet säi sechste Succès an dëser Saison gefeiert. Fir de groussen Ugrëff op d'Spëtzt vum WM-Klassement ass et awer net duergaangen, well den Norris no engem schwaache Start den Zweete ginn ass.

De WM-Leader Norris hat um Depart nieft dem Verstappen och missen den George Russell op Mercedes, dee vu Plaz véier an d'Course gaange war, passéiere loossen a louch bis déi 34. vun de 50 Ronnen op der drëtter Plaz. Deen Ament konnt hien de Russell nees iwwerhuelen an huet déi zweete Plaz bis zum Schluss behaapt. De Britt huet an de leschte Ronnen awer vill Zäit verluer, fir Bensinn ze spueren huet hi missen Tempo eraushuelen. De Russell huet de Podium komplettéiert.
 
Bei nach zwou Courssen, déi ze fuere bleiwen, huet den Norris am WM-Klassement elo 408 Punkten. Den Oscar Piastri am zweete McLaren, deen zu Las Vegas de Véierte ginn ass, kënnt elo op 378 Punkten an de Verstappen huet der 366 um Kont.

Den nächste Weekend kéint sech de Lando Norris säin éischte Weltmeeschtertitel sécheren, dat awer net schonn am Sprint, mä fréistens um Sonndeg an der Course. 33 Punkte sinn am Katar maximal ze huelen. Verstappen a Piastri hunn nach minimal Chancen op den Titel.

Zu Abu Dhabi ass de 7. Dezember d'Finall vun der Saison. Spéitstens da wäert d'Decisioun ëm den Titel falen.

Klickt hei, fir op de ganzen Dossier (News, Fotoen a Replay) vun der Kinneksklass am Automobilsport ze kommen.

FORMULA 1 HEINEKEN LAS VEGAS GRAND PRIX 2025

D'WM-Wäertung

De Kalenner vun der Saison 2025