Tëscht Ëtteng an der Schmelz vun Déifferdeng gouf et fréier e Funiculaire – an e puer Spueren aus dëser Zäit existéieren och haut nach.

Sechs Pilieren aus der Zäit vun der Schwéierindustrie stinn den Ament nach zu Rëmeleng. Nodeems een am Oktober op engem Feld dem Buedem gläich gemaach gouf, wëllen déi Responsabel vun der Rëmelenger Gemeng déi sechs lescht nach schützen.

"Do hu mir zwou Optiounen. Iwwer de lokale Wee kënne mir iwwer eng Modifikatioun vum PAG dat maachen. Dat wéilte mir dann awer och mat anere Punkte maachen. Déi zweet Optioun ass, dass mir eng [Argumentatioun] preparéieren, fir dem Kulturministère an dem INPA dat zoukommen ze loossen. Sou kéinten d'Pilieren national protegéiert ginn", sou de Rëmelenger Buergermeeschter Henri Haine am RTL Interview.

Wéi de Buergermeeschter weider verréit, geet d'Gemeng elo mol op de Wee vun enger Modifikatioun vum PAG. Iwwer ee Joer wäert d'Prozedur daueren, well eng Rei Etüde missten nämlech nach gemaach ginn, sou de Buergermeeschter aus der Südgemeng. D'Piliere stinn awer net just um Terrain vun der Stad Rëmeleng, mee och op Terrain, deen ArcelorMittal gehéiert.

De Buergermeeschter vu Rëmeleng am RTL Interview
Wat maache mat de Pottoen?

De Funiculaire goung fréier vun der franséischer Uertschaft Ëtteng iwwer Rëmeleng op Esch bis an d'Schmelz vun Déifferdeng. Dësen Tracé hat eng Längt vun 12,7 Kilometer. Et goufen 144 Pilieren an am Total 500 Buggien.

"De Funiculaire ass 1899 vum Paul Wurth geplangt ginn. 1905 ass e vum däitschen Ingenieur Julius Pohlig gebaut ginn. Bannent 10 Méint war de ganze Funiculaire fäerdeg gebaut", sou den Henri Haine am RTL Gespréich.

Den Henri Haine am RTL Interview
D'Geschicht vun de Pilieren

Fir déi Responsabel vun der Gemeng Rëmeleng ass et wichteg, dass déi sechs Pilieren erhale bléiwe fir un d'Geschicht vun de Minnen an der Schwéierindustrie ze erënneren.