Sproochen an enger Flüchtlingsklass am Stater Jongelycée
Am Lëtzebuerger Beruffsliewe Fouss faassen, dat ass d'Zil vun enger Klass aus dem Jongelycée um Lampertsbierg.
Dat kléngt net aussergewéinlech. Ma déi ronn 11 Schüler, déi hei an d'Coursë kommen, sinn immens verschidden. Gutt fënnef Nationalitéite sinn an der Klass vertrueden. De Gros vun de Jonken ass Refugié. Aus Foyeren aus dem ganze Land kommen si an den LGL.
Mëttwochs moies um 10 steet Mathe um Programm. Och fir d'Léierpersonal ass dat keng einfach Aufgab. D'Schüler hunn e ganz ënnerschiddlechen Niveau an dësem Fach. Déi eng beherrschen nach keng Bréch, déi aner kéinte schonn op enger Premièresklass sinn, seet hir Mathesproff Ailin Zhang. Et muss deemno een Tempo fonnt ginn, wou kee säi ganz perséinleche Rhythmus opgëtt. Eng aner Schwieregkeet hei am Klassesall ass d' Sproch. Et gi Schüler, déi besser Englesch ewéi Franséisch schwätzen – an och ëmgedréint. Anerer schwätze weder nach gutt. D'Sprooche sinn awer och de Grond, wisou déi jonk Erwuessener fräiwëlleg heihin an d' Klass kommen.
Salwa, 20 Joer jonk: ''Ech sinn op Lëtzebuerg komm fir nei unzefänken. An d'Schoul kommen ech, fir Sproochen ze léieren. Dat ass zu Lëtzebuerg ganz normal. Et gi jo – deemno wéi genee een et hëlt – véier offiziell Sproochen.''
Ob Syrer, Iraker oder Chines: Englesch ass d'Sprooch vun der Welt.
Hayder, wëll nach vill léieren: ''Jo, Englesch ass am einfachsten. Fir mech ass lëtzebuergesch schwéier. Mä mir léieren dat hei Schratt fir Schratt.''
E klenge Schratt ass scho gemaach.
Eng Reportage vum Pierre Jans