Nei App soll op Häerzstëllstänn opmierksam maachen an am Eeschtfall guidéieren
All Joer ginn et Ronn 500 Fäll vun engem Häerzstëllstand am Grand-Duché.
"Staying Alive LU", esou heescht eng nei App, déi de CGDIS en Donneschdegmoie virun der Press presentéiert huet. Zil ass et, am Fall vun engem Häerzstëllstand, méi séier kënnen Éischt Hëllef ze leeschten, bis d'Secouristen op der Plaz sinn. Leit, déi sech iwwer d’App bereet erklären, am Eeschtfall ze hëllefen, kréien eng Notifikatioun, wann et e Fall an hirer Géigend gëtt. Duerno gi se Schrëtt fir Schrëtt duerch déi eenzel Etappe guidéiert, erkläert den Direkter vun der operationeller Koordinatioun beim CGDIS, den Tom Barnig:
"Jidderee kann am Fong matmaachen. Optimalerweis encouragéiere mer d'Leit natierlech, en Éischt-Hëllef-Cours ze maachen. An dee Moment kënne se natierlech och geruff ginn, fir bei der Reanimatioun ze ënnerstëtzen. Mee och Leit, déi vläicht nach keng Formatioun gemaach hunn a sech net méi sou sécher spieren, och déi kënne matmaachen, well déi kënnen dat dee Moment uginn, datt se just geruff ginn, fir den Defi sichen ze goen. Dat heescht, déi ginn alertéiert a kréie gesot, op där Plaz hänkt en Defi an der Géigend, bréngt e wannechgelift op déi Asazstell, datt en do ka genotzt ginn."
Am Fall vun enger Reanimatioun gëtt ee weider vum 112 iwwer Telefon guidéiert:
"Dat heescht, dee Moment erkläert den Operateur engem och, kann engem hëllefen. Dat heescht, wann ee sech net sécher ass, wann een an esou engem Fall ass, rifft een natierlech souwisou um 112 un, fir d'Rettungsdéngschter ze alertéieren. Mee dee Moment kritt ee vum 112 och Erklärungen a Rotschléi, wéi een d'Reanimatioun ka maachen."
D’App "Staying Alive LU" gouf zanter Juni getest an ass elo fir de breede Public zougänglech.