D‘Äntwert vum Parlament ass éischter Nee. Ausser déi Lénk an d‘LSAP ass keng Partei hei zu Lëtzebuerg fir bilateral Sanktioune géint Israel – elo direkt.

De Gros vun de Parteie schléisst Sanktioune géint Israel net kategoresch aus, wëll an dëser fragiller Situatioun am Noen Osten awer op en adequaten nationale legale Kader waarden. A wéi den Ausseminister Xavier Bettel en Donneschdeg de Mëtten an enger entspriechender Aktualitéitsstonn, déi vun de Lénken ugefrot war, betount huet, wär deen um gudde Wee.

De Kader vun der Diskussioun hat den Deputéierten David Wagner vun déi Lénk gesat. Luef fir dem US-President Trump säi Friddenspläng wär deplacéiert.

Soll Lëtzebuerg Sanktioune géint Israel decidéieren?

"Dee Plang huet een eenzege Merite. Nämlech dass de Genozid a Gaza ënnerbrach gouf an dass d‘Geiselen a Prisonéier befreit goufen. De Plang ass awer e Réckschrëtt, net just aus palestinenseschem Point de vue, mä och wat d‘Vëlkerrecht ugeet, well en all Prinzip vu Selbstbestëmmung vun de Vëlker mat Féiss trëppelt."
 
Deemno jo, trotz klenger Hoffnung op laange Fridden am Noen Oste misst d‘Méiglechkeet bestoe bleiwen, Israel op d‘Fanger ze klappen, fannen déi Lénk. Diskussiounen iwwer geziilte Sanktioune géint d‘israeelesch Regierung wëll och d‘CSV sech net verschléissen, Laurent Zeimet:
 
"Wat mir net matmaachen, ass, dass mir Israel andauernd och hei un de Pranger stellen a sou maache wéi wann déi ganz Situatioun just Schold vum Staat Israel wär. Nee, nee an nach eemol nee! Dat wäert et mat eis net ginn."
 
Och den DP-Deputéierte Gusty Graas schwätzt sech dofir aus, elo ofzewaarden an d‘Fro vun de Sanktioune géint Israel net direkt ze verdéiwen. Dofir wär d‘Situatioun effektiv ze fragil, stëmmt d‘Sam Tanson vun déi Gréng zou. Si betount awer, dass elo Verbriechen net vergiess dierfte ginn.
 
"Déi aktuell Situatioun vun der Rou, vun deem Fridden deen op ganz wackelege Féiss steet, däerf net dozou féieren, dass dat net opgeschafft gëtt. Ech hu Vertrauen an eis international Institutiounen, dass déi Responsabel vun deene Massakeren déi do op béide Säite gemaach goufen, zur Rechenschaft gezu ginn."
 
D‘Sozialiste sinn déi eenzeg, déi eng Motioun vun déi Lénk matgestëmmt hunn, fir Israel ze sanktionéieren. De Piraten ass se ze schaarf formuléiert. Wa Sanktiounen, da just ganz cibléiert, huet de Sven Clement ze bedenke ginn. De Fred Keup vun der ADR mengt, elo wär net den Ament fir Sanktiounen. Et sollt een d‘Hoffnung, déi den Donald Trump entfacht hätt, liewe loossen. Der Meenung ass den Yves Cruchten guer net:
 
"D‘LSAP ass der Meenung, dass mir net dierfen ewech kucken, wat an de leschten zwee Joer geschitt ass. Mir plädéieren dofir, all d‘Sanktiounen op europäeschem Plang z‘ënnerstëtzen an och wa méiglech eege Sanktioune géint d‘israeelesch Regierung auszeschaffen."
 
Den Ausseminister Xavier Bettel betount, dass op europäeschem Niveau eng Unanimitéit an der Fro quasi onméiglech wär. Wat Sanktiounen ugeet, sicht hien e Mëttelwee. Hien ass weder dogéint:
 
"Dass mir elo, nodeems wat am Noen Osten alles geschitt ass, géife soen, elo dierfe mir net méi iwwer Sanktioune géint Israel decidéieren, géife mir e grousse Feeler maachen. Dat wat am Westjordanland aktuell geschitt, ass net akzeptabel."
 
Nach dofir:
 
"Et wär e falscht Zeechen, wa mir elo géife soen: d‘Lëtzebuergescht Parlament wëll elo haut Sanktiounen huele géint Israel. Den Ament soll et éischter op Gespréicher an Deseskalatioun ukommen."
 
Et soll awer bis Enn dës Jores eng Evaluatioun virleien, wéi Lëtzebuerg op eege Fauscht kéint Sanktioune generell géint Drëttlänner decidéieren. D‘Regierung soll och all Friddensinitiativen am Noen Osten ënnerstëtzen. Eng entspriechend Motioun vun der DP huet an der Chamber Unanimitéit erreecht.