Trump a Putin wëlle sech an Ungarn treffen

Den Donald Trump an de Wladimir Putin bei hirem Meeting an Alaska. / © AFP
Nom Telefonat tëscht béide Staatscheffen huet den US-President annoncéiert, datt ee sech zu Budapest wéilt gesinn. Wéini dat de Fall ass, sot hien net.
Den US-President huet op Truth Social d'Gespréich als "produktiv" bezeechent. De Putin hätt him fir de Fridden am Noen Osten gratuléiert. De Kremlchef hätt weider gesot, datt hie "schonn zanter Joerzéngten" dovunner géif dreemen.
Dofir ass den Donald Trump och de Iwwerzeegung, datt de Fortschrëtt am Noen Osten hëllefe kann, fir Fridden tëscht der Ukrain a Russland ze verhandelen.
Am Gespréich goung et awer och ëm den Handel tëscht béiden Natiounen, esou den US-President. Dëst awer eréischt, wann de Krich an der Ukrain eriwwer wier. Als Conclusioun vum Gespréich koum eraus, datt Héich Beroder vu béide Säite sech déi nächste Woch wäerte gesinn. D'US-Ekipp wäert ënnert der Leedung vum Marco Rubio stoen.
Béid Presidente konnte sech dem Donald Trump no drop eenegen, datt ee sech zu Budapest wéilt gesinn, fir ze kucken, wéi een de Krich an der Ukrain kéint op en Enn bréngen. Weider schreift den Donald Trump nach, datt hien e Freideg mam President Selenskyj géif iwwert d'Telefonat mam Putin schwätzen. Den ukrainesche Staatschef gëtt jo dann am Oval Office vum Wäissen Haus erwaart.
"Ech gleewen drun, datt mer mat dem Telefonat vun haut e grousse Fortschrëtt gemaach hunn", esou den Donald Trump ofschléissend.