En Automobilist krut e Vëlosfuerer ze paken

© Domingos Oliveira
Kuerz virun 13 Auer en Donneschdegmëtteg ass et an der Avenue Guillaume um Belair an der Stad zu engem Accident tëscht engem Auto an engem Vëlo komm.
D'Ambulancieren an d'Pompjeeën aus der Stad hu sech hei ëm eng blesséiert Persoun gekëmmert.
Knapps eng Stonn drop sinn dann an der Hollerecher Strooss zwee Autoen net laanschtenee komm. Hei goufen zwou Persoune blesséiert. Op der Plaz waren d'Stater Pompjeeën an zwou Ambulanzen aus der Stad.
Ee weideren Accident tëscht zwee Autoe gouf et dann um 14.50 Auer an der Dikrecher Strooss zu Méischdref. D'Ambulancieren aus der Fiels an der Nordstad an d'Pompjeeë vu Bettenduerf hu sech hei ëm zwou blesséiert Persoune gekëmmert.
Ee Blesséierte gouf et dann, wéi géint 16.15 Auer tëscht dem Kierchbierg an dem Tunnel Cents zwee Autoen aneneegerannt sinn. Hei waren d'Pompjeeën an d'Ambulancieren aus der Stad op der Plaz.