Déi meescht Oppositiounsparteien hunn de Gesetzestext iwwer d'Lokalpolice matgestëmmt. Dat awer net ouni Kritik.

Se funktionéiert elo schonn als Pilotprojet an der Stad, zu Esch, Déifferdeng a fir de Museldall zu Maacher a war eent vun den Haaptthemen am leschte Gemengewalkampf. En Donneschdegmëtteg huet d'Chamber mat der ganz grousser Majoritéit vu 50 Jo-Stëmmen an 9 Enthalungen der sougenannter Lokalpolice e richtege gesetzleche Kader ginn.

Domadder géif eng laangjäreg Fuerderung vun der CSV  ëmgesat an de Proximitéitsgedanken an de Vierdergrond geréckelt, sot de Rapporter Laurent Mosar vun der CSV a senger Ried an huet vun engem "wichtege Schrëtt" geschwat, fir d'Sécherheet vun de Leit ze verbesseren, déi reell an och déi subjektiv.

Laurent Mosar: De Proximitéitsgedanke gëtt an de Vierdergrond geréckelt

Anescht ewéi am initialen Text geplangt, ënnersteet Lokalpolice net der Gemengekompetenz mä weiderhin der Policedirektioun. Net nëmmen de Staatsrot hat sech op deem Punkt opposéiert. Och de Gemengesyndikat Syvicol an eng Rei Parteien haten dowéinst am Ufank Bedenken.

Lydie Polfer fuerdert weider méi Polizisten

D'Stater DP-Buergermeeschtesch Lydie Polfer huet op der Chamberstribün nach emol e ganz positive Bilan vum Pilotprojet an der Stad gezunn. D'Aarbecht vun der lokaler Police géif nëmmen op Zoustëmmung treffen mä et wieren iwwert dee Wee awer nach ëmmer keng zousätzlech Policebeamten bäikomm, déi si an der Vergaangenheet jo ëmmer nees gefuerdert huet. Um Niveau vum Personal misst een definitiv nach weider Efforte maachen, huet d'Stater Gemengemamm nach emol widderholl.

Och d'LSAP, déi dem Projet am Ufank nach méi kritesch a skeptesch géintiwwer stoung, huet den Text, deen en Donneschdeg zum Vott stoung, matgedroen. Dat, well de Bedenken aus dem Gemengesecteur Rechnung gedroe gouf, huet den Dan Biancalana erkläert. Fir d'Sozialiste misst awer och parallel de präventive Volet nach weider ausgebaut ginn.

Kritik vun der Oppositioun: Net genuch Moyenen a keng kloer Krittären

D'adr huet dem Gesetzprojet zwar prinzipiell zougestëmmt, mä sech nawell beim Vott enthalen. Dat, well kee vun de Majoritéitsdeputéierter wéilt Verantwortung iwwerhuelen fir d'Kriminalitéit an der Stad, mä mam Fanger ëmmer op anerer géife weisen, huet den Tom Weidig gemengt. De Meris Sehovic vun déi Gréng huet kritiséiert, d'Regierung géif der Lokalpolice net genuch Moyene ginn, fir hir Aufgaben och wierklech iwwerhuelen ze kënnen. Et géif zum Beispill u konkrete Krittäre feelen.

De Piratendeputéierte Marc Goergen huet monéiert, duerch de punktuellen Asaz vun de lokale Policebeamte géife Problemer verlagert, mä duerch d'Adaptatiounen am Text géif een awer seng Zoustëmmung ginn.

Dat hei wier kee grousse Worf, huet den Deputéierten vun déi Lénk Marc Baum gemengt. D'Zuele bei der Kriminalitéit wieren trotz lokaler Police net réckleefeg.

Léon Gloden: "Ech akzeptéieren net, datt de stättesche géint de ländleche Raum ausgespillt gëtt"

An der Diskussioun gouf e puer Mol d'Fro opgeworf, firwat grad Gréiwemaacher als drëtt Gemeng eng Lokalpolice krut. Ob dat wuel ieren eppes mam fréiere Buergermeeschter, dem haitegen Inneminister Léon Gloden ze dinn hätt? Den CSV-Minister huet gekontert, déi Police wier fir déi ganz Regioun an hie géif net akzeptéieren, datt Gemengevertrieder aus grousse Stied de stättesche Raum géint de ländleche géifen ausspillen. Ob a wou zousätzlech lokal Polizisten an Zukunft nach an den Asaz komme sollen, sot hien en Donneschdeg net.

Mat der lokaler Police géif eppes nees agefouert ginn, wat ee mat der Gendarmerie fréier gehat hätt. Déi wier duerch e "manifeste Feeler ofgeschaf ginn", huet als leschte Riedner de fréieren CSV-Inneminister Michel Wolter gemengt.  géing all Zäit hoffen, och eng Kéier bei sech an der Gemeng eng Lokalpolice ze kréien.