Commemoratiounszeremonie fir déi éischt aus Lëtzebuerg deportéiert Judden
Viru 84 Joer huet de Leidenswee vun 323 Judden zu Lëtzebuerg op der Stater Gare ugefaangen. Zu Tréier goufe weider 190 Leit an den Zuch gezwongen.
Et war de Startpunkt vum éischten Deportatiounszuch aus Westeuropa, dee jiddesch Männer, Fraen a Kanner iwwer Tréier, an de Ghetto Litzmannstadt, wéi déi polnesch Stad Lódz deemools vun den Nazie genannt gouf, bruecht huet. 84 Joer méi spéit erënnert Lëtzebuerg zesumme mat däitsche Partner un dëst schrecklecht Kapitel. Ënnert dem Titel "Grenzenlos Gedenken" war en Donneschdeg op der Stater Gare, genee do, wou den Deportatiounszuch deemools fortgefuer ass, eng Commemoratioun.
Zanter 2019 organiséiert de Comité Auschwitz Luxembourg zesumme mat däitsche Partner all Joer gemeinsam Commemoratiounen zu Lëtzebuerg an a Rheinland-Pfalz. Dobäi geet et net nëmmen ëm d'Erënnerung un d'Geschicht, mee och dorëms, e kritesche Bléck op eis Zäit ze geheien, wéi den Henri Juda, Grënner vun der MemoShoah zu Lëtzebuerg erkläert:
"Wéi sech dat deemools gepasst huet, sinn d'Judden, an iwwregens och mäi Papp a meng Bomi, convoquéiert ginn, fir op d'Gare marchand vu Lëtzebuerg ze kommen. Judde waren net consideréiert als Mënschen, et huet och zur Politik vun den Nazie gehéiert, Leit erofzemaachen, ze denigréieren, an dofir si si op d'Gare marchand hei geruff ginn."
D'Commemoratioun hat och d'Opmierksamkeet vu Leit op sech gezunn, déi am Fong just do waren, fir de Bus oder Zuch ze huelen
Och Schüler vun der École nationale des Adultes zu Lëtzebuerg an dem Nordstad-Lycée zu Dikrech hunn un der Commemoratioun deelgeholl. Si hu Biographië vun den Affer virgelies an e Gedicht, dat vun Häftlingen am Ghetto Theresienstadt komponéiert a gesonge gouf, virgedroen. Duerno hunn si nach fir déi deportéiert a verstuerwe Judden eng Käerz ugefaangen.
Dës grenziwwerschreidend Commemoratioun ass Deel vun enger Serie vun Eventer, déi fir de Gedenken un déi éischt Deportatioun zu Lëtzebuerg geplangt sinn.
Am Kader vum Programm sinn a verschiddene Stied nach weider Aktivitéite geplangt: Konferenzen, Virträg an ee Gedenkmarsch. Dee geet de 24. Oktober vu Bollenduerf aus bis op Iechternach, laanscht d'Sauer an duerch Uertschafte, wou fréier Judde gelieft hunn an aus deene si deportéiert goufen.