Den ukrainesche Verdeedegungsminister Denys Schmyhal ass en Donneschdeg fir eng Aarbechtsvisitt hei am Land gewiescht.

Mat militäreschen Éiere gouf den ukrainesche Verdeedegungsminister Denys Schmyhal en Donneschdeg um Schlass zu Senneng vu senger Lëtzebuerger Homologin Yuriko Backes empfaangen.
 
Den Denys Schmyhal huet der Regierung an de Bierger am Land Merci gesot, fir d'Manéier, wéi Lëtzebuerg d'Ukrain zanter dem éischten Dag vum Krich ënnerstëtzt. Eng 260 Milliounen Euro am Zäitraum vun 2022 bis 2024, a bis elo schonn iwwer 90 Milliounen dëst Joer. E Support, op deen d'Ukrain och 2026 weider ugewise wäert sinn.

Russland vun der Verhandlungsdësch bréngen

Fridden ass an dësem Konflikt keen a Siicht. Nach net. D'Strategie, déi d'Ukrainer elo ustriewen, ass awer kloer: d'Russen an hirem eegene Land ënner Drock setzen, andeems ënnert anerem d'Pëtrolsproduktioun weider ugegraff gëtt. Logistesch Weeër fir d'Militär ginn ofgeschnidden, Waffefabricke ginn zerstéiert, an dat bis wäit a Russland eran.

"A mir wëllen och den Drock op d'Regioun vu Moskau erhéijen. Wat Infrastrukturen a Fluchhäfen ugeet, mat sougenannten "Teppech-Operatiounen". Wou d'Fluchhäfen net funktionéieren. Et ass absolut wichteg, Drock op d'russesch Elite auszeüben. A mir mussen den Drock op déi russesch politesch Féierung erhéijen, fir dëse Krich op en Enn ze bréngen. Fir un de Verhandlungsdësch ze kommen", sou den Denys Schmyhal. D'Ukrain freet schonn zanter Jore Laangstrecke-Waffen.
 
Deep Strikes, bis déif a Russland eran: dofir freet Kiew no westleche Laangstrecke-Waffen. Nieft deene Systemer, déi zanter kuerzem an der Ukrain selwer produzéiert ginn.
 
"Déi bescht Method wier béides ze kombinéieren. Well et méi präzis, méi massiv, a méi Resultater bréngt."

E Freideg wäerten d'Blécker gespaant op Washington geriicht sinn, wann d'ukrainesch an amerikanesch Presidente Selenskyj an Trump fir Gespréicher zesummekommen. Do wäert d'Liwwerung vun US Tomahawk-Laangstrecke-Waffen en Thema sinn. Hei weist sech den Denys Schmyhal, nom Dag vu Mëttwoch, zu Bréissel bei der NATO, ganz optimistesch.

"Ech sinn iwwerzeegt, datt mir vun den USA alles kréien, wat néideg ass, fir den Drock op d'Frontlinn mat eisen déifgräifenden Attacken ze erhéijen. Mir hoffen och, datt mir net nëmmen Ënnerstëtzung vun den USA, mä och vun den europäesche Partner kréien. Mir hunn dat déi lescht Jore gefrot, fir Laangstrecke-Waffen ze kréien."

D’Ukrain bléif op massiv Ënnerstëtzung vun hiren Alliéiert ugewisen

Den ukrainesche Verdeedegungsminister huet sech Zäit geholl, fir ze erklären, wéi d'Kombinatioun vu klassescher Artillerie, Honnertdausende Kampf-Dronen, Systemer fir Dronen ofzefänken a Mëttel- a Laangstrecke-Waffen am Krich géingt Russland agesat ginn.

Waffen, déi finanzéiert musse ginn. Rieds geet vun 120 Milliarden, déi d'Ukrain d'nächst Joer brauch, fir sech ze verdeedegen. Waffen, déi d'Ukrain och ouni hir Alliéiert, dorënner Lëtzebuerg, net selwer wäert produzéiere kënnen. Sief et an de respektive Staaten oder an der Ukrain selwer. Den Denys Schmyhal huet och eent präziséiert: soulaang Krich ass, géif d’Ukrain kéng Alliéiert Zaldoten op hirem Territoire brauchen. Just militäresch Ënnerstëtzung. D’Ukrainer géife selwer fir hiert Land kämpfen.