Zu Nidderkuer soll e jonke Mann op den Daach vun der Primärschoul geklotert sinn.

Éischten Informatiounen no wier dat de 5. Oktober géint 17.50 passéiert. Uewen ukomm, hätt hien Iwwerwaachungskamerae beschiedegt.

De Verdächtege soll der Police no tëscht 1.60 an 1.70 Meter grouss an dënn gebaut sinn. Hien hätt eng hell Hautfaarf a mëttel-laang gekrauselt Hoer. Beim Tëschefall hätt hien e schwaarzen Jogging vun der Mark Adidas, e schwaarzen T-Shirt a wäiss-gro Sportschong ugehat.

Wien Informatiounen iwwer déi gesichte Persoun huet, ass gebieden, sech beim Policekommissariat vun Déifferdeng ze mellen. Dat ënnert der Telefonsnummer 244 53 1000 oder via Mail.