Fir eng Visitt vum 16. bis den 19. Oktober huet de kapverdianesche Premier José Ulisses Correia e Silva de Premier Frieden am Staatsministère getraff.

Déi zwou Regierungen hunn déi exzellent Relatioune vu Frëndschaft a Vertrauen tëscht Lëtzebuerg an de Kapverden ënnerstrach. Da géif op gemeinsame Wäerter vun Demokratie, Rechtsstaatlechkeet an de Mënscherechter baséieren, esou steet et am Communiqué vun der Regierung.

Am Kader vun der Entrevue goufen och zwee Kooperatiounsaccorde verlängert. Dat virop am Beräich Waasser a Sanitär, wéi och der Aarbechtspolitik.

De Premier Luc Frieden huet seng Solidaritéit mat der Bevëlkerung vun de Kapverden een nom Stuerm Erin ausgedréckt, dee schwéier Iwwerschwemmung mat Doudesaffer mat sech bruecht huet. Béid Premieren hunn déi séier an direkt Hëllef vu Lëtzebuerg ervirgehuewen.

Op de Fotoen, déi ënnert anerem och den Ausseminister Xavier Bettel op de sozialen Netzwierker gedeelt huet, gesäit, dass och de Futtball an déi historesch Leeschtung sech fir d'WM ze qualifizéieren thematiséiert goufen.

En Dram, deen zu Lëtzebuerg nach net konnt erfëllt ginn.