D’Famill vun den RTL-Medien erreecht all Dag 345.000 Leit zu Lëtzebuerg, sou vill wéi ni virdrun. RTL Radio Lëtzebuerg bleift den éischte Media am Land.

E grousse Sprong no vir mécht RTL.lu an der leschter TNS Plurimedia-Etude. All Dag benotzen 151.000 Leit de Site an d’App vun RTL. Eisen Internetsite huet am Wocheranking fir d’éischte Kéier d’Lëtzebuerger Wort depasséiert a ka sech hannert RTL Radio an Télé Lëtzebuerg als drëttstäerkste Media am Land placéieren.

RTL

RTL Radio Lëtzebuerg erreecht all Woch 59,7% vun der Populatioun a bleift domat den éischte Media am Land. Hannendru kënnt trotz liichtem Verloscht RTL Télé Lëtzebuerg mat 51,8%, an op der drëtter Plaz RTL.lu mat 48,5%.

RTL

Op der véierter Plaz steet d’Wort mat 46,4%, Eldoradio klëmmt an den Top 5 mat engem Wocheresultat vun 43,2% an iwwerhëlt domat den Essentiel.

An der Radiolandschaft ass et nieft der gudder Performance vun RTL Radio Lëtzebuerg an Eldoradio och nach eng Progressioun vum L'essentiel Radio, dee sech op engem Duerchschnëttsdag an der Woch hannert dem däitschen RTL Radio als véierte Radio placéiert an domat laanscht den 100,7 zitt.

RTL

Den negativen Trend bei de Printmedie bleift och bei dëser Vague vun der TNS Plurimedia weider bestoen. Nieft dem Réckgang vum Essentiel, kënnen och déi aner Dageszeitungen d’Tendenz net zu hire Gonschte kippen.

D’Wort an d’Tageblatt hunn allebéid zënter 2011 elo ronn 30.000 Lieser pro Dag verluer, minus 15% fir d’Wort a minus 42% fir d’Tageblatt an deene leschte sechs Joer, e Verloscht, deen net duerch de sougenannten E-Paper konnt opgefaange ginn.

Ënnert anerem duerch d’Progressioun am digitale Beräich gëtt et en neie Rekord fir d’RTL Family: 345.000 Leit hunn all Dag Kontakt mat op d'mannst engem vun eise Medien zu Lëtzebuerg.