Stéck fir Stéck soll Clierf méi attraktiv ginn – duerfir mussen awer nach sëllege Chantieren ofgeschloss ginn, wéi de Clierfer Buergermeeschter erkläert.

Virun annerhallwem Joer ass d'Transversale vu Clierf no ronn 10 Joer Bau-Zäit opgaangen. Dat bedeit awer net, datt d'Aarbechten um Stroosse-Reseau zu a ronderëm Clierf domadder ofgeschloss wären. Zanter Mäerz kann ee vu Maarnech aus net méi direkt an d'Abtei- Stad erafueren, well op der Héicht vum Kierfecht geschafft gëtt. Dee Chantier geet zwar sou lues op en Enn, ma dono geet et awer direkt weider.

Den Zentrum vu Clierf soll nämlech an de nächste Joren en neit Gesiicht kréien.

Vum Altersheem laanscht de Kierfecht bis erof bei de Parking op der Place de la libération – zanter Mäerz gëtt op dësem Deelstéck d'Strooss nei gemaach. Virop geet et ëm déi ënnerierdesch Reseauen, also Kanal, Waasser an Elektresch. Gläichzäiteg gëtt dovu profitéiert, fir déi ganz Strooss an d'Trottoiren nei ze maachen. No méi wéi engem hallwe Joer Deviatioun kënnen d'Automobiliste sech awer geschwënn op eng Besserung freeën.

Dat stellt op mannst de Marc Ries, Chef de division Ponts et chaussées Dikrech, an Aussiicht: "Den Deel vum Kierfecht bis hei erof op d'Kräizung op Draufelt, dee wäert lo scho fir de Congé collectif am Wanter fäerdeg sinn a fir den Trafic opgoen. Den Deel vun hei bis erof op d'Plaz wäert dann nach bis Februar d'nächst Joer daueren. An dann attackéiere mer nach den Deel vun der Benelux-Plaz a Richtung Zentrum, do gëtt d'Strooss och nach deelweis nei gemaach, d'Trottoiren nei amenagéiert, d'Busarrêten an d'Rei gesat, dat wäert sech nach bis Abrëll zéien, mee dat wäert awer sous trafic geschéien, mat vläicht där enger oder anerer punktueller Spärung."

Wärend d'Käschte fir Ponts et chaussées bei 3 Milliounen Euro leien, bezillt d'Gemeng Clierf ronn 1,5 Milliounen Euro.

Am Kader vum Masterplang 2030 ass zudeem virgesinn, datt ronderëm d'Benelux-Plaz ee Shared-Space entstoe soll. Hei wäert d'Vitesse dann och op 30 respektiv 20 Kilometer an der Stonn limitéiert ginn. An och an der Foussgängerzone stinn Aarbechten un. Déi ënnerierdesch Reseaue mussen och hei erneiert ginn, dat awer sécher nach net an deenen nächsten zwee Joer an d'Bierger sollen am Virfeld matagebonne ginn.

Ma och iwwerierdesch soll sech eppes doen, zum Beispill op der Maartplaz, wéi de Clierfer Buergermeeschter Georges Keipes erkläert: "Ech verstoppen net, datt d'Gemeng ganz aktiv un engem eenheetleche Site schafft, et ass eise feste Wëllen, datt mer dat an deenen nächste Joren hikréien, well mer eis Verwaltung op verschiddene Sitten hunn. An do si mer och amgaangen, d'Gespréich ze siche fir ze kucken, wéi d'Konditioune kéinte sinn, dat Verwaltungsgebai am Zentrum vu Clierf ze kréien. An an deem Kontext géing sech dann och eng Neigestaltung vun der Maartplaz erginn."

Konkret géing dat heeschen, datt op der Maartplaz een neit Gebai gebaut géing ginn, dat dann duerch eng Passerell mam "Bouviershaus" op der Place de la libération verbonne géing ginn.

De Georges Keipes ënnersträicht, datt et net esou einfach wier, fir Clierf an Zäite vun engem verännerte Konsumverhalen attraktiv ze halen: "Mir sinn hei leider an engem Dall, et muss een extra op Clierf kommen, wann een hei akafe wëllt a mir mussen op dat bauen, wat mer hei hunn. Dat ass eisen Eenzelhandel, eis Commercen, eis Gastronomie a virun allem och eis Kultur. Mir mussen also kucken, wéi mer d'Visiteure mat eiser Kultur, d'Family of Man, d'Schlass, kënne verbanne fir ze soen, ech fueren op Clierf an ech ginn do konsuméieren."

Verschidde Punkten, déi am Masterplang 2030 virgesi waren, zum Beispill Sonne-Seegelen an der Foussgängerzone, wäerten awer net ëmgesat ginn.

Een net ageplangte Chantier gëtt et iwwregens grad nieft der Kierch, wou d'Strooss ze rëtschen dreet. D'Stabiliséierungsaarbechte solle bis Ufank 2027 daueren an 2 Milliounen Euro kaschten.

Dem Clierfer Buergermeeschter ass et awer och wichteg ze ënnersträichen, datt een net just zu Clierf, mee och an deenen anere 16 Uertschafte vun der Gemeng investéiert, zu Eselbuer géingen zum Beispill aktuell Stroossenaarbechten duerchgefouert ginn.