Police kontrolléiert onbewunnte mee besaten Haiser an der Stad
© Police Lëtzebuerg
Bei enger Kontroll vun onbewunnte mee besaten Haiser an der Stad huet d'Police en Dënschdeg eng Rei Persounen ugetraff, déi protokolléiert goufen.
Um Dënschdegmoien huet d'Police eng gréisser Kontroll vun onbewunnten Haiser – och bekannt als "Squats" – an der Stad duerchgefouert. Engem Communiqué no ware 15 Beamten am Asaz an de Fokus vun dëser Aktioun wier op der "Immigratiounsgesetzgeebung" gewiescht.








Insgesamt goufen 21 esou Haiser duerchsicht an 19 Persoune kontrolléiert. A véier Fäll huet et sech dobäi ëm Persounen aus dem Ausland gehandelt, bei dräi weideren huet d'Identitéit ermëttelt misse ginn. Vun nach dräi weidere Persoune goufe Fangerofdréck a Fotoe geholl.
Eng Persoun huet misse medezinesch ënnersicht ginn an ass duerno an de Centre de rétention placéiert ginn.