De Premier Luc Frieden ass dës Woch an den USA. A Kalifornien huet hien eng Rei Meetinge bei groussen Tech-Entreprisen.

Schwéierpunkte sinn ënnert anerem Dateveraarbechtung an d'kënschtlech Intelligenz.
 
De Premier hat um Méindeg amerikanescher Zäit e Gespréich mam CEO vun Amazon an och eng Entrevue mat Vertrieder vu Microsoft. Um Mëttwoch hat de Luc Frieden e Meeting mam weltwäite Leader vun Chippen Nvidia a gesäit elo um Mëttwochmëtteg amerikanescher Zäit Google.
 
De Luc Frieden huet an engem kuerzen Audio-Message betount, datt dës Kontakter wichteg wieren, fir datt Lëtzebuerg an Zukunft Zougang zu neien Technologien a Ressourcen huet.

Reaktioun vum Premier Luc Frieden

Amazon ass ee vun de gréissten Employeuren zu Lëtzebuerg. De CEO vun Amazon Andy Jassy hätt dem Premier confirméiert, datt Lëtzebuerg fir d'Firma nach ëmmer eng zentral Plaz an hiren Aktivitéiten an Europa huet.
 
Ob Amazon och Plazen zu Lëtzebuerg ofbaut, si mir net gewuer ginn. En Oktober hat den US-Konzern annoncéiert, datt am Kader vu Spuermesuren 30.000 Aarbechtsplazen ewechfale sollen.

Den Austausch mat amerikanesche Firme wier wichteg: "Mir mussen an Europa op eegene Féiss stoen, mee d’Amerikaner hu bei der Technologie e Virsprong. Duerfir brauche mir si als Partner."
 
Bei der Visitt mat Google dierft et ënnert anerem ëm de Projet vum Datenzenter am Grand-Duché goen. E Projet iwwer dee scho vill geschriwwen an diskutéiert gouf. D'Tech-Entreprise huet an de leschte Joren och ëmmer nees Interessi um Standuert Lëtzebuerg gewisen. En Datenzenter gouf nach net gebaut.

Zanter dësem Joer huet Google e Büro um Boulevard Royal, do schaffe virop Cloud-Experten.