Um Mëttwochmëtten
Accident mat dräi Autoen a blesséierte Motocyclist gemellt
De CGDIS mellt um Mëttwochmëtten zwee Accidenter, bei deenen eng Persoun blesséiert gouf.
Op der A3 Richtung Metz ass et e Mëttwoch kuerz no 15 Auer zu engem Accident tëscht dräi Autoe komm. Hei ass kee blesséiert ginn, ma d'Sekuristen aus der Stad waren op der Plaz.
Um 15.35 Auer ass e Motocyclist um RN15 tëscht dem Schumannseck an dem Pommerlach gefall a gouf dobäi blesséiert. Hei waren d'Servicer vu Wolz am Asaz.
Am meeschte gelies