An der Chamber gouf de Klimasozialplang virgestallt
Mat dësem sollen d'Käschte vun der energeetescher Transitioun fir manner gutt gestallte Stéit a kleng Entreprisë mitigéiert ginn.
Ma et ass nach Villes am Vagen. Dat ass net nëmmen der Regierung hir Schold.
Ma et leit och do drun, datt d’EU de Start vun där zweeter Phas vum Emissiounshandel bei där och de Bau an d’Mobilitéit abezu ginn, ëm ee Joer op 2028 no hanne verréckelt huet. Dofir seet den CSV-Ëmweltminister Serge Wilmes:
"Do musse mir bis d'Enn vun dësem Joer eng Decisioun huelen, ob mir als Regierung wäerten direkt matmaachen ab 28, well dat elo ëmmer e Joer no hanne geluecht ginn ass, oder ob mer waarde bis 2030, dat kéinte mer maachen, well mer jo eng national CO2 -Steier hunn."
Ma déi muss dann op d'mannst esou deier sinn, wéi d’EU-Zertifikater. D’nächst Joer klëmmt se op 45 Euro pro Tonn.
De Franz Fayot seet: "Dat ass den aktuellen Niveau vun eiser CO2-Steier, dee sollt jo dann all Joer esou fënnef Euro eropgoen. Et ass och regrettabel, dass den ETS2 elo no hanne verluecht gëtt op 2028. Mir wëssen, dass deen, bon, mir wëssen éischter, nee, mir wëssen et net, well dat nach negociéiert gëtt um europäeschen Niveau, wéi héich dee Betrag soll sinn. Dodran, dee soll jo tendenziell vill méi héich ginn ewéi eis CO2-Steier."
Am Kloertext: Et ass net sécher, ob eis Steier herno héich genuch ass, oder ob et 2028 zu enger Hausse kënnt, déi Sprit an Hëtzes op ee Coup méi deier mécht. Déi fréier Ëmweltministerin a gréng Deputéiert Joëlle Welfring betount dofir:
"Dass natierlech muss dofir séchergestallt ginn, dass déi ganz zousätzlech Käschten, déi entstinn an déi mer mussen an eise Schutz vum Klima an och an erneierbar Energien investéieren, net herno dozou féieren, dass déi Leit, déi schonn net vill hunn, nach méi musse bezuelen. An dat ass extreem wichteg, dass deem virgegraff gëtt. An do huet déi viregt Regierung eigentlech schonn, och schonn Hausaufgabe gemaach an dofir gesuergt, dass déi sozial Kompensatioun systematesch geschitt iwwert d'Allocation de vie chère an deen Deel vun der CO2-Tax zum Beispill investéiert gëtt. Dat heescht, dass wierklech déi Hallschent vun all de Recettë fléissen a sozial Moossnamen. Dat ass elo de Fall. An dat setzt eis och an eng Situatioun par rapport zu anere Länner an Europa, déi wierklech do virgesuergt huet."
Nieft de scho bekannte Primmen, déi sech haaptsächlech u Proprietären riichte sief vu Wunnengen oder vun Autoen, soll elo och méi gekuckt ginn, wéi ee Locatairë kann hëllefen, fir datt hir Energiekäschten erof ginn.
Den Energieminister Lex Delles seet: "eng Mesure ass, dass mer genau eng Analys maachen, wat kann nach zousätzlech fir Locatairen zum Beispill gemaach ginn, niewent Renovatiounsustéiss, déi mer maachen. Den Droit à la borne steet och hei dran zum Beispill, wou mer och do d'Vulnerabilitéit kënnen eraushuelen, fir vu fossille Brennstoffer ofhängeg ze sinn, déi mer op der Tankstell hunn."
Fir den CSV-Deputéierte Paul Galles ass iwwerdeems och wichteg, datt d’Mesuren aus dësem Plang koherent si mat deenen aus dem nationale Plang fir d’Bekämpfung vun der Aarmut:
"Dat sinn awer Mesuren, menger Meenung no, déi ee muss kombinéiere mat deem ganze Plan national, dem Plang vun der Aarmutsbekämpfung, wou ech och eng ganz Rei vu Mesuren erwaarden, déi d'Logementer betreffen. Dat muss jo sinn. Dat ass jo dee Punkt, deen eis am meeschte bei der Aarmutsbekämpfung Suerge mécht. Déi Koherenz tëschent deenen zwee Pläng do an déi Fro, wéi déi anenee gräifen, dat gëtt fir mech déi entscheedend Fro a wéi staark dat dann herno op de Logement dann och erauswiergt."
Anere Kritikpunkt vun der Oppositioun war e Mëttwoch, datt de Käschtepunkt vun den neie Mesuren, déi net souwisou schonn en place sinn, net chiffréiert sinn.