Den 1. Januar 2026 soll den Transfert fir eng gutt 150 Mataarbechter komplett sinn. Fir déi soll sech am Prinzip net vill änneren.

Arcus iwwerhëllt Internater Jacques Broquart

Am Fréijoer war d’ASBL Jacques Brocquart an d’Kritik geroden, well Paien ze spéit ausbezuelt goufen. Den LCGB hofft deementspriechend, dass elo mam Repreneur Rou an d’Gestioun kënnt. D’Direktioun géif deemno wiessele, erkläert de Bento Pires (LCGB), den Transfert d’Entreprise wier amgaangen, an d’Mataarbechter wieren informéiert. Et géif keen eppes verléieren :"Fir d’Leit u sech ännert sech näischt, ausser de Logo an de Paiziedel, wou dann "Arcus" dropsteet. D’Leit bleiwe weiderhin ënnert dem SAS-Kollektivvertrag, d’Acquise behale se och."

Dat confirméiert och de Georges Rotink, Directeur adjoint vum Repreneur Arcus,  allerdéngs :Déi aktuell Direktioun vu Jacques Brocquart  géif och mat iwwerholl : "Dat an enger Form vun enger Cession d’Activités, d.h. déi ganz Kontrakter, déi d’Mataarbechter an dësem Kontext hunn, inklusive Direktioun, gi vun Arcus mat iwwerholl. Et ass esou, dass d’Konditioune komplett iwwerholl ginn, dat heescht, et brauch keen en neien Aarbechtskontrakt z’ënnerschreiwen, mee déi gi komplett an eis Ariichtung iwwerdroen".
 
D’Brocquart-ASBL war  bis dato mam Staat konventionéiert a geréiert 7 Internater uechter d’Land, en 8. Site ass zu Péiteng ugeduecht.

Enn Oktober huet de Verwaltungsrot vun den 8 Strukturen dunn unanime Arcus den Zouschlag ginn. Aus dem Protokoll vun der Sëtzung geet ervir, dass et eng Offer vun engem zweete Repreneur gouf, ma just Arcus hätt deemno déi néideg Mëttelen, fir eng Reprise vum 1. Januar un  z’assuréieren. De Georges Rotink, stellvertriedenden Direkter vun Arcus, fënnt, dass dat gutt passt : "Virun allem virum Hannergrond, dass d’Aktivitéite vun den Internater och an engem zukünftege Jugendschutz-Gesetz, wat an der Reform ass, och eng interessant Aktivitéit ass, déi gutt zu eiser Aktivitéit vun der Heemerzéiung passt, awer déi och komplementar ergänzt, fir kënnen eis Offer  méi breet opzesetzen*.
 
Arcus besteet zanter 2008, a geréiert 14 Crèchen, 25 Maison Relaisen an ee Jugendhaus. Aktuell schaffen eng 1.500 Leit fir déi ASBL, déi fir dëst Joer e Budget vun 152 Milliounen Euro huet.

Déi aktuell Direktioun an de Verwaltungsrot vun den Internater Jacques Brocquart waren net disponibel fir en Interview.