Präisdrock concernéiert déi Lëtzebuerger Bauere manner
Vill Grompere-Baueren an Europa si besuergt wéinst enger Präisbaisse – zwee Faktoren hunn dozou gefouert.
D'Produktioun, besonnesch vun den industrielle Gromperen, ass an de leschte Joren am Nordweste vun Europa ferm an d'Luucht gaangen. Aktuell ginn op 608.000 Hektar Gromperen ugebaut. Eng Surface, déi an de lëschten zwee Joer ëm 7 Prozent pro Joer gewuess ass.
Dobäi kënnt, dass et dëst Joer eng iwwerduerchschnëttlech gutt Recolte gouf. An der Belsch, Frankräich, Däitschland an Holland rechent ee mat 11 Prozent iwwert dem Duerchschnëtt.
Wat no engem Grond zur Freed klengt mécht awer verschiddene Grompere-Bauere suergen. A munche Länner féiert eng Iwwerproduktioun zu enger Präisbaisse. "D'Präisser sinn extrem niddreg dëst Joer. Kommerziell gesi wäert et e ganz schwéiert Joer ginn", seet de Baudoin Dewulf, dee Grompere-Bauer an der Belsch ass.
Zu Lëtzebuerg hätt een awer kee gréissere Problem mat der Baisse vun de Präisser, erkläert de Marc Nicolay, dee Gromperen am Norde vum Land ubaut. Produzéiert géing, wat Industriell- an Iessgromperen ugeet, fir de lokale Marché. Et wier haaptsächlech am Ausland, wou just géinge Grompere geziicht gi fir d’Frittenindustrie, wou et zum Problem vun der Iwwerproduktioun kéim.














































"Insgesamt goufe quasi 50.000 Hektar Grompere méi ugebaut hei a Westeuropa", seet de Marc Nicolay. Domat hätt een sech wëllen dem weltwäite Marché upassen, an ënner anerem der Demande aus Asie gerecht ginn. Antëscht wier een do awer vum Konsument zum Eege-Produzent ginn.
Ganz direkt géingen d'Präisbaisse bei de Gromperen trotzdeem net all Bauer concernéieren. "Quasi 80 Prozent vun de Gromperen, déi an der Industrie momentan verschafft ginn, si kontraktéiert", sou de Marc Nicolay. De Präis gouf also schonn am Virfeld festgeluecht. Deemno wäerten d'Präisser fir d'Fritten am Supermarché och fir de Konsument net massiv falen.
Lëtzebuerg hätt e Selbstversuergungsgrad mat Grompere vun ongeféier 60 Prozent. Wat den Ubau vun de Gromperen hei am Land ugeet ass de Chiffer di lescht aacht Joer relativ stabel bliwwen. 2022 louch ee bei 14.600 Tonnen, zejoert bei 17.700.
Dobäi wieren awer net déi Setzgromperen erfaasst, déi vun de Lëtzebuerger Baueren an der Belsch ugeplanzt ginn. Soss léich een éischter bei 30.000 Tonnen, schätzt de Marc Nicolay.