An der Nuecht op e Mëttwoch waren d'Polarliichter iwwer Lëtzebuerg ze gesinn.

Ma wat ass de Grond vun deene faarwege Luuchten um Himmel?

Wéi Meteolux op Nofro erkläert, gi Polarliichter duerch sougenannte Sonnestierm ausgeléist. Dës entstinn duerch Explosioune respektiv Erosiounen op der Uewerfläch vun der Sonn. Doduerch gëtt eng gréisser Konzentratioun vun héich-energeetesche Partikelen a Richtung vun der Äerd gestouss.

Wann déi Partikelen dann op d'Magnéitfeld vun der Äerd treffen, entsteet déi sougenannten Aurora Borealis, och als Polarliichter bekannt. Wat de Sonnestuerm méi staark ass, wat d'Konzentratioun vun den héich-energeetesche Partikele méi héich ass a wat deementspriechend d'Polarliichter méi wäit südlech ze beobachte sinn.

Vue, dass den Ament e besonnesch staarke Sonnestuerm aktiv ass, kann een d'Polarliichter aktuell och iwwer Lëtzebuerg gesinn. An der Nuecht op en Donneschdeg sollen d'Konditiounen dofir net allze schlecht sinn.

Dir hutt Fotoe vun de Polarliichter gemaach? Da schéckt eis se gäre mat Ärem Numm an der Plaz, op där d'Foto gemaach gouf, eran op foto@rtl.lu.