"Gefillte Realitéit ass, datt mir chronesch ënnerbesat sinn"

Si si chronesch ënnerbesat. Zuelen dofir feelen awer, ma um Terrain ass dat déi gefillte Realitéit.
Esou reagéiert d’Michèle Halsdorf vun der Anil, dem Daachverband vun den Infirmièren, op e Commentaire Ufank der Woch hei op der Antenn.
Commentaire vum Nadine Gautier: E bësse Fäigefill wier wënschenswäert
Natierlech wier all Infirmière dru gehalen, sech professionell de Patiente géintiwwer ze verhalen, egal ob an der Urgence oder op de Statiounen.
D’Michèle Halsdorf seet: et wéilt een net beschwichtegen, et wéisst een, datt et Situatioune ginn, wéi déi, déi d'Nadine Gautier an hirem Commentaire beschriwwen hat, Fäigefill hat nämlech vu Säite vum Personal gefeelt. Ma de Stress an den Drock, deenen d’Infirmièren ausgesat sinn, wier net ze negligéieren. Heescht: d’Infirmière muss och op direkt e puer Fronte Kämpfen.
Schonn am Februar hat d’Anil an engem Communiqué op d’Penurie vum Personal opmierksam gemaach. Do wier awer keng Reaktioun nokomm. D’Bild vum Beruff wier net ëmmer bekannt, a géif deels och verkannt ginn, seet d’Presidentin vun der Anil. An Zukunft géifen dann och vill Erausfuerderungen op d’Infirmièren duerkommen.
Bei d’Penurie, déi et am Beräich géif ginn, kéim nach dobäi, datt et ee moralesch an och kierperlech ustrengenden Job wier. Vill Infirmièren erreechen dowéinst an hirem Beruff net de Pensiounsalter.
Dofir werft d’Anil d’Iddi op, fir datt Infirmièren an Infirmiere vu 50 Joer u méi kuerz sollte schaffen an awer d'Anciennetéit ugerechent kriten, vläicht och aner Aufgabeberäicher iwwerhuelen, déi manner kierperlech ustrengend sinn. Déi héich Zuel vu Krankeschäiner géif nämlech och villes aussoen.
Un de Ministère ass et Fuerderung, vun enger Zort Cellule, déi eegens fir d’Infirmièren am Gesondheetsministère géif existéieren. Dat géif eng aner Dynamik an d’Diskussioun bréngen.
Um Freideg reagéiert d’Ministesch Lydia Mutsch dann op dës lescht Fuerderung. D’Ministesch kënnt dann och op den Audit zeréck, deen am Beräich vun den Urgencë gemaach gouf. Do ass een nämlech an de leschten Zich, fir d’Conclusiounen ze zéien. Mëtt Dezember sollen déi vun der Gesondheetsministesch an dem Minister vun der Sécurité sociale ëffentlech gemaach ginn.