CGFP fuerdert Besserung vu Steierreform
© RTL (Archiv)
D'Staatsbeamtegewerkschaft fuerdert no enger Entrevue mam Finanzminister Gilles Roth, dass d'Steierreform op de Leescht geholl a verbessert gëtt.
Déi individuell Besteierung, déi geplangt ass, dierft fir kee Stot eng Méibelaaschtung ginn, heescht et an engem Schreiwes. Bestuete Koppele mat engem Revenu, respektiv bei deenen ee Partner méi ewéi dräivéierel vum Akommes bäisteiert, wäre besonnesch concernéiert, warnt d'CGFP. Déi geplangten Iwwergangsperiod fir d'Steierklass 2 wär mat héchstens 20 Joer vill ze kuerz.
Och Elengerzéiender géife mat der Steierreform eventuell net genuch entlaascht ginn, trotz hirer prekärer Situatioun. Och bei Wittleit a gescheete Persoune stelle sech der CGFP Froen. D'Staatsbeamtegewerkschaft mécht den Appell un d'Regierung, dass mat enger Steierreform kee Stot e Verléierer däerf ginn. Dass de Finanzminister Gilles Roth awer oppe fir Dialog ass, begréisst d'CGFP.