D'Police huet nees eng Partie Fürerschäiner agezunn
© RTL Archiv
E Sonndeg respektiv an der Nuecht op e Méindeg hate sech nees eng Partie Leit ënnert dem Afloss vun Alkohol respektiv Drogen hannert d'Steier gesat.
E Sonndegnomëtteg huet d'Police zu Schieren e Chauffer kontrolléiert, deen däitlech Unzeeche vun Drogekonsum soll gewisen hunn. Bei der Kontroll ass de Beamten dann och de Geroch vu Cannabis opgefall. Den Drogentest war dann och positiv an de Fürerschäi gouf agezunn.
Géint 18.30 Auer e Sonndeg krut d'Police dann e Chauffer gemellt, dee beim rausfueren aus enger Parkplaz eng Mauer beschiedegt hat. Eng Patrull konnt de Mann kuerz drop untreffen an huet hie kontrolléiert. Den Alkoholtest war positiv an et gouf e provisorescht Fuerverbuet ausgeschwat.
An der Nuecht op e Méindeg ass enger Policepatrull dann op der A4 a Richtung Esch e Gefier opgefall, dat eng Pann hat. De Chauffer huet däitlech Zeeche vun Alkoholkonsum ugewisen an den Alkoholtest war dann och deementspriechend positiv. Och hei gouf et e provisorescht Fuerverbuet.
Géint 0.30 Auer e Méindeg gouf dann en alkoholiséierte Chauffer op der Areler Strooss zu Stroossen gemellt. Eng Patrull huet de Mann kuerz drop kontrolléiert.Och hei war den Test positiv an et gouf e provisorescht Fuerverbuet ausgeschwat.