Eng Rees vum Lëtzebuerger EU-Deputéierte Fernand Kartheiser op Moskau hat Enn Mee fir Opreegung gesuergt.

Den Deplacement vum ADR-Politiker hat deemools souguer zu engem Ausschloss aus der EKR-Fraktioun am EU-Parlament gefouert.

Elo deelt de Politiker mat, datt hie vun e Freideg op e Samschdeg nees a Russland war. Dës Kéier ass d'Rees op Sotschi gaangen, dem Kartheiser no op Aluedung vun der Académie russe des Sciences.

De 14. November war et dem ADR-Politiker no och zu engem Treffe mat dem Leonid Slutsky komm, dem Virsëtzende vun der rietsextremer Partei LDPR a President vum Ausschoss fir International Affären an der russescher Staatsduma. Am Gespréich wier et virun allen ëm d'Relatiounen tëscht der EU a Russland gaangen. Et wier ënner anerem decidéiert ginn, eng nei Videokonferenz tëscht EU-Deputéierten an Membere vun der russescher Duma am Dezember ofzehalen.

An der Matdeelung vum Fernand Kartheiser heescht et weider, hien hätt sech och an enger Konferenz mat dem Dmitri Medvedev, aktuell Vizepresident vum nationale Sécherheetsrot a Russland, ënnerhalen. An der Matdeelung vum Lëtzebuerger EU-Deputéierten heescht et: "A sengem Discours huet de Fernand Kartheiser déi gemeinsam Verantwortung vun der EU a Russland betount, een neie Kale Krich oder eng Spléckung vun Europa ze verhënneren." De Kartheiser hätt iwwerdeems betount, datt "souwuel d'Bierger vun der EU wéi och d'Bierger vu Russland sech sécher kéinte sinn, datt keng vun den zwou Säiten eng Menace fir déi aner duerstelle" géif.

De Medvedev, fréiere russesche President, huet dëst Joer schonn e puermol fir Schlagzeile gesuergt, well hie sech mat westleche Staatscheffen ugeluecht huet. Am Mäerz hat hien den däitsche Bundeskanzler Friedrich Merz mam Nazi-Propagandaminister Joseph Goebbels verglach an eng Konfrontatioun mam US-President Trump hat viru kuerzem dozou gefouert, datt deen Atom-U-Booter méi no verluecht huet.