Popstar Camila Cabello ënnert de Gäscht




























































































































































































































































































































































































































































































































































































































































































































Um Samschdegowend war ënnert dem Motto "a Space Odyssey" de Bal vum Roude Kräiz, e Gala fir de gudden Zweck.
Ënnert de Gäscht war och e Weltstar, d'Sängerin an Influencerin Camila Cabello. Si ass zesumme mat hirem Frënd Henry Junior Chalhoub op Lëtzebuerg komm.
Wien ass d'Camila Cabello?
Gebuer 1997, gouf si bekannt als Member vun der Grupp "Fifth Harmony" a spéider als Solo-Kënschtlerin mat Welthits wéi "Havana" a "Señorita".
Och wa si net op der Bün stoung, huet hir Presenz dem Evenement eng international Nott ginn.
Bal fir de gudden Zweck
De Bal vun der Croix-Rouge ass all Joer e wichtegt soziaalt Evenement zu Lëtzebuerg, wou prominent Gäscht an Ënnerstëtzer zesummekommen, fir Spende fir sozial Projeten ze sammelen.
Ënnert de Gäscht och vill Politiker a bekannte Perséinlechkeete aus Lëtzebuerg.