Autoschauffer no Kollisioun mat Vëlo am Rond-point "Biff" fortgefuer
© RTL
E Sonndeg de Mëtteg géint 14 Auer gouf et am Rond-point Biff zu Bascharage e Verkéiersaccident, bei deem ee Vëlosfuerer liicht blesséiert gouf.
Den Informatioune vun der Police no koum et zu der Kollisioun, nodeems en Auto aus der Avenue de l'Europe an de Rond-point gefuer war. De Chauffer ass doropshi weider a Richtung Nidderkuer/Déifferdeng gefuer, ouni no der blesséierter Persoun ze kucken. Beim betraffene Gefier kéint et sech ëm een hellbloe Hyundai vum Modell "Getz" handelen.
Zeien, déi Informatiounen iwwert de flüchtege Chauffer oder den Auto kéinten hunn, si gebiede sech beim Policebüro Déifferdeng ënnert der Nummer (+352) 244 53 1000 oder per E-Mail u police.differdange@police.etat.lu ze mellen.