Déi Lénk fuerderen, dass d'Ongläichheet bei der Bezuelung tëscht Fraen a Männer strukturell bekämpft gëtt.

Déi Lénk fuerderen, dass d'Ongläichheet bei der Bezuelung tëscht Fraen a Männer strukturell bekämpft gëtt. Op ee Joer gekuckt schaffen d'Frae statistesch gesi vun dësem Méindeg u bis Enn des Joers onbezuelt. De Stonneloun vu Frae läit zu Lëtzebuerg zwar ganz liicht iwwert deem vun de Männer, op d'Joer gekuckt läit de sougenannten Gender Pay Gap an der Moyenne hei am Land awer bei 13,9 Prozent.

Dat läit drun, dass Fraen dacks Deelzäit schaffen, well si zum Beispill méi op d'Kanner oppassen. Déi Lénk fuerderen dowéinst op en Neits d’Aféierung vun der 32-Stonnewoch bei vollem Lounausgläich – fir si wär dat eng strukturell Verbesserung fir Aarbecht a Privatliewe besser ënnert een Hutt ze kréien. Si versprieche sech dovun, dass den Gender Pay Gap mëttelfristeg reduzéiert géif ginn.