En Donneschdeg war et d'Ausso vun der Anil, datt ee chronesch ënnerbesat wär. D'Ministesch wëllt reagéieren, brauch fir d'éischt awer en Iwwerbléck.

Et ass ee Sujet, deen hir um Häerz géif leien, seet d’Gesondheetsministesch Lydia Mutsch iwwert den Effektiv an der Urgence.

Ee Sujet, deen och an den Auditten iwwert d’Urgencen ënnert d’Lupp geholl gouf. Den Ament ass een am gaangen, do d’Conclusiounen ze zéien. Nach sinn déi awer net Sprochräif, mä si solle Mëtt Dezember der Ëffentlechkeet presentéiert ginn.

AUDIO: Reaktioun vu Gesondheetsministesch / Rep. Nadine Gautier

Ee vun den zwee Auditten huet sech mat der Bestandsopnam auserneegesat, dat heescht, et gouf zum Beispill gekuckt, wéi vill Effektiver an den Urgencë gebraucht ginn, wéi eng Ënnerscheeder et vu Pathologië gouf a wéi eng Mesuren néideg sinn. Den zweeten Audit ass iwwert de sougenannten "Processing" gaangen, also wéi den Openthalt an den Urgencen ofleeft, wéi vill Zäit de Patient dobannen ass an ob net een aneren Triage soll gemaach ginn. Wat déi fiabel Donnéeën uginn, wär een de Moment e bësse schwaach op der Broscht. Eng vun den Zilsetzunge wär dofir, eng Uniformisatioun vum Tri an den Urgencen ze maachen an dass d'Urgencen esou informatiséiert sinn, dass dat keen Hindernis fir eng professionell Prise en charge ass, sou d'Lydia Mutsch.

An ee Volet ass besonnesch opportun, dee vum Personal an den Urgencen. Hei géifen déi zoustänneg Ministeren, dat sinn d’Lydia Mutsch als Gesondheetsministesch an de Romain Schneider als Minister vun der Sécurité sociale, sech och politesch verflicht gesinn, do eppes ze änneren. Fir de Moment wär et an den Urgencen nämlech esou, dass d'Situatioune jee no Haus ganz staark variéieren. Dowéinst wollt ee fiabel Zuelen hunn, fir dass een och cibléiert ka reagéieren. Beispillsweis mat enger Opstockung vun den Effektiven, sou d'Gesondheetsministesch.

E Mëttwoch hat d’Anil, also de Beruffsverband vun den Infirmièren, gefuerdert, datt am Gesondheetsministère eng Cellule an d’Liewe geruff soll, fir den Infirmièren hire Besoin. Eng Cellule, déi sech also just mam Beruff vun den Infirmièren ausernee géif setzen an Analysen um Terrain géif maachen. D’Ministesch weist sech hei ganz oppe fir Diskussiounen.

D’Mesuren, déi nom Audit envisagéiert ginn, sollen nach d’nächst Joer ëmgesat ginn.

Ronn 30 Prozent vun de Leit, déi Hëllef an enger Urgence sichen, kéinten déi och an enger Maison médicale oder vun engem Hausdokter kréien, esou nach d'Gesondheetsministesch Lydia Mutsch.