Den Accès zum Concours gëtt méi labber gemaach an de Stage gëtt ënner Ëmstänn gekierzt. Leit mat anere Bachelor-Diplomer solle rekrutéiert ginn.

Dat do gouf kuerzfristeg decidéiert an net laangfristeg iwwerluecht, esou reagéiert d'CSV op d'Mesurë vum Educatiounsminister Claude Meisch fir d'Pénurie beim Personal an der Grondschoul an de Grëff ze kréien

D'Deputéiert Martine Hansen seet, datt et fir si scho méi laang kloer war, datt de Stage am Enseignement misst reforméiert ginn. Et wier also ze begréissen, datt de Minister dat elo agesäit. Mä op et de richtege Wee ass, fir deen elo einfach ze kierzen, bezweifelt déi fréier Héichschoulministesch. Hei géinge lo Saachen iwwer de Knéi gebrach ginn, fir d'éischt hätt mol sollen iwwer Inhalter geschwat ginn.

D'Iwwerleeungen a puncto Accès zum Concours kéint een iwwerdeems novollzéien.

D'CSV mécht sech dann awer Suergen iwwer d'Annonce, datt Leit mat Bachelor-Diplome, deen an d'Richtung Educatioun geet, elo solle rekrutéiert ginn, fir Schoul ze halen, do gesäit d'Martine Hansen gewëss Risquen.

AUDIO: Extrait Martine Hansen

D'Martine Hansen wëll all déi Froe jiddefalls an der zoustänneger Chamberkommissioun stellen.

Minister Meisch proposéiert Léisungen

RTL

© Jeannot Ries / RTL Télé Lëtzebuerg

Zënter Joerzéngte gëtt et am Fondamental e Manktem u Personal.

Den Educatiounsminister Claude Meisch huet um Dënschdeg de Moie mat der Gewerkschaft SNE en Accord ënnerschriwwen, deen déi grouss Linne vun der Recrutementspolitik opzeechent.

An Zukunft gëtt een zum Concours zougelooss, wann een net eng Formatioun fir all Cycle huet, dës ka méi spéit via formation continue nogeholl ginn. Et kënnen also elo nees Leit mat just 3 Joer Formatioun de Concours maachen.

AUDIO: De Claude Meisch (3 Joer Formatioun)

Wie 4 Joer gemaach huet ka vun enger Reduktioun vum Stage profitéieren, deen dauert net méi 3 mä just nach 2 Joer.

AUDIO: De Claude Meisch (Reduktioun vum Stage)

Et ass den Ament nach keen am drëtte Joer, fir déi déi elo am zweete Joer sinn ass also no dësem Joer Schluss mam Stage.

D'réserve des suppléants soll opgewäert ginn. Well net genuch via de Concours ka rekrutéiert ginn, sollen déi Leit déi feelen, via en anere Wee an den Enseignement era kommen. Leit mat Bachelor-Diplom deen an d'Richtung Educatioun geet, kréien e Kontrakt, maachen eng Formatioun, a ginn dann d'Joer drop zum Concours zougelooss.

AUDIO: Educatioiun / Reportage Pit Everling

De Minister riicht iwwerdeems e klore Message un d'Uni Lëtzebuerg. Si sollt hir Responsabilitéiten iwwerhuelen, fir méi Enseignanten ze forméieren, bis ewell kënnt zueleméisseg vun der Uni just ee Véierel vun deene Leit, déi gebraucht géinge ginn, dat kéint net sinn, sou de Claude Meisch.

Et ass jo emol gelungen, datt d'Uni Lëtzebuerg Kandidaten aus verschiddene Grënn refuséiert, dacks, well anscheinend d' Sproochekompetenzen net do sinn, esou de Minister. Déi ginn awer dann op Unien am Ausland ugeholl a kommen dann als diploméierten Enseignant erëm. Do denkt de Minister, datt d'Uni Lëtzebuerg sech muss iwwerleeën, ob si do net ze vill selektiv ass.

D'Uni soll 3/4 vun den Enseignante liwweren, zemools, well an der Belsch déi ganz Formatioune virun enger Reform stinn.

Et gëtt och e comité d‘accompagnement en Place gesat, fir all dës Mesuren ze begleeden.

De Minister Claude Meisch wëll d'Moossnahme ganz geschwënn duerch de Regierungsrot bréngen an hien hofft, datt fir d'Rentrée am Hierscht alles ëmgesat ass.

Déi representativ Gewerkschaft SNE/CGFP huet d'Moossnahme mat ausgeschafft. Fir de President Patrick Remakel war et ënnert anerem wichteg, datt verschidde Mesuren, déi am Raum stoungen, net an d'Realitéit ëmgesat goufen.

AUDIO: Extrait Patrick Remakel

Déi Mesure wieren zu laaschte vun deenen Enseignante gaangen, déi elo schonn am Service sinn.

Net mat um Dësch souz d'Gewerkschwaft SEW an déi ass dann och iwwerhaapt net frou. De President Patrick Arendt fënnt et skandaléis, datt de Minister all Dialog mat senger Gewerkschaft refuséiert. Mat deem, wat elo um Dësch läit, ass een dann och absolut net zefridden, notamment wat de Stage ugeet.

AUDIO: Extrait Patrick Arendt

Et waren de Ministère an den SNE, déi déi ganz Pénurie ervirbruecht hunn, esou de Patrick Arendt. Dat, well si de Stage ervirbruecht an déi regional Direktioune geschaf hunn. De Stage ass d'Ursaach, datt de Beruff elo net méi attraktiv ass, also datt keng Jonker dat méi wëlle maachen. Richteg wier dem Patrick Arendt no gewiescht, wa béid Parteien agestanen hätten, datt si e risege Feeler gemaach hätten an de Stage an der aktueller Form ofgeschaf hätten.

De Minister géing hei no kuerzfristege Léisunge sichen, fir d'Pénurie ze verstoppen, seet de Patrick Arendt a   reprochéiert dem Claude Meisch elektorale Calcul.