35 Joer ale Mann aus Holland bei Motorradsaccident déidlech verongléckt

© Domingos Oliveira/RTL
Um Sonndeg den Owend géint 18.15 Auer koum et zu engem ganz schwéiere Motorradsaccident um CR330 zu Klenghouschent bei Wolz.
E 35 Joer ale Motocyclist aus Holland ass do an enger oniwwersiichtlecher Rietskéier vun der Strooss ofkomm an an e Bam gerannt.
De Rettungshelikopter, de Samu vun Ettelbréck an d'Ambulanz vun Ëlwen waren op der Plaz, ma fir de Mann koum all Hëllef ze spéit.
Géint 22.40 Auer e Sonndeg den Owend gouf et och e Motorradsaccident zu Reisduerf an der Route de la Sûre. Eng Persoun gouf verwonnt.
Zu Bouneweg an der Rue St. Willibrord stoung géint 4.40 Auer an der Nuecht op e Méindeg e Scooter a Flamen. D'Stater Beruffspompjeeë waren op der Plaz. Et ass kengem eppes geschitt
Den 112 huet nach 2 Motorradsaccidenter gemellt, um Sonndeg de Moie géint 11.10 Auer tëscht Schëffleng a Biergem an e Sonndeg de Mëtteg géint 16 Auer tëscht Mäerkels a Kautebaach. D'Chauffere goufen a béide Fäll blesséiert.