Lëtzebuerger Arméi üübt den Eeschtfall virun historescher Kuliss

© Image Lëtzebuerger Arméi via Facebook
D'Escher Metzeschmelz hat scho vill Gesiichter: e fréiere Site vun der ARBED, d'Venue fir de LOA-Festival an elo och nach Militärübungsplaz.
Virun der historescher Kuliss vun der Metzeschmelz, aus där op laang Siicht jo een neie Quartier tëscht Esch a Schëffleng soll entstoen, huet d'Arméi d'lescht Woch eng Rei Militärübungen ofgehalen. Et waren déi éischt vun dëser Aart op der Metzeschmelz.
Méi prezis ass et ëm Übungen am Beräich vun der taktescher Medezin gaangen, wou am alen Industriegebai ënner realistesche Bedéngungen trainéiert konnt ginn. "Den Industrieterrain vun der Schmelz huet eis dofir exzellent Konditioune gebuede mat Tunnellen a Gebaier, wéi mir se och an der Realitéit géife virfannen", huet eis eng Spriecherin vun der Arméi erkläert.
Mat derbäi waren Unitéit Appui Médical vun der Lëtzebuerger Arméi mat dräi taktesch-medezineschen Ekippen - 27 Leit am ganzen.
D'Übunge sinn iwwer véier Deeg souwuel daagsiwwer, wéi och an der Nuecht gehale ginn. Och déi nei arméiert PAV2-Ambulanz koum dobäi an den Asaz. De Won, deen zanter August Deel vum Fuerpark vun der Arméi ass, ass als 6x6 och op komplizéiertem Terrain nach gutt ze manövréieren a kann zwou schwéierblesséiert Persounen ophuelen.
En éischte Bilan wier ganz positiv ausgefall, heescht et vun der Arméi: "De Site géif eis effektiv nach sou munch Méiglechkeete fir zukünftegt Schaffen ophalen."
D'Zesummenaarbecht mat der Gemeng Esch, dem CHEM an AGORA, déi de Site zukünfteg zu engem neie Quartier ausbaue wëllen, hätt iwwerdeems virbildlech geklappt.