Iwwerall gëtt den Ament erëm gutt gehouscht a geschnuddelt – Schnapp, Gripp, ma och de Covid si nees pünktlech fir den Hierscht um Rendez-vous.

D’Infektiounswell ass ënnerwee, mee nach net ganz zu Lëtzebuerg ukomm, esou den Dr Jean-Claude Schmit, Santésdirekter, am Gespréich mat RTL: "Mir hunn eng Situatioun, wéi mer all Joer gesinn, wann d'Schoulen erëm ufänken, da fänken d'Viren un ze zirkuléieren... Mir hunn am Moment relativ vill Covid-Fäll, ronn 300 confirméierter pro Woch. Et ass eng kleng Well, wéi mer se d'lescht Joer och schonn haten. Also näischt Aussergewéinleches."

Bei der Gripp ass et aktuell mat 20 confirméierte Fäll d’lescht Woch nach éischter roueg. De Peak hei kënnt normalerweis eréischt am Wanter. "Mir erwaarden eis e Peak wéi all Joer géint Enn Dezember", esou de Santésdirekter. "D'Grippefäll ginn dann erop, mat bis zu 3.000 Fäll pro Woch, duerno kléngt et bis Mäerz of."

De groussen Undrang an de Spideeler an Dokter-Cabineten léist also nach op sech waarden. Punkto Medikamenter dierft et der Santé no dëse Wanter keng gréisser Ausfäll ginn. An awer gëtt drun erënnert, sech ze schütze respektiv ze impfen. No der Pandemie wiere vill vun klassesche Recommandatioune vergiess ginn.

An den Apdikte par konter ass d’Saison awer scho voll am Jumm. Den Ënnerscheed tëscht Summer an Hierscht spiert een däitlech. Den Thierry Schmit, Apdikter um Kierchbierg, erkläert: "Mir hu méi Fäll zënter zwee bis dräi Wochen, vill Leit froen no Tester a kommen och fir d'Grippeimpfung. Erkältunge ginn et däitlech méi."

D'Hallschent vun de Clientë géif sech iwwerdeems sëlwer medezinesch versuergen. Déi aner Hallschent, besonnesch Famillje mat Kanner an eeler Leit, géife méi bei den Dokter goen. Ma egal zu wiem ee gehéiert, d’Apdikte wieren op de Wanter preparéiert.

"Mir si gutt opgestallt. Mir hu scho virum Summer, ewéi déi meescht Apdikten, alles preparéiert an akaaft. Mir hu genuch Stocken. Medikamenter géint Féiwer, Schnapp, Halswéi – alles ass do. Fir déi kommend Grippewell si mir preparéiert", sou den Thierry Schmit.

D'Erënnerung bleift: mat e bësse Virsiicht, engem Schal a propperen Hänn ass et och dëst Joer méi einfach, gesond duerch de Wanter ze kommen.