Eeler Leit valoriséieren a Grondschoulkanner hëllefen
Zu Lëtzebuerg ginn et aktuell eng 66 Super-Senioren. Leit iwwer 50 Joer, déi Kanner aus der Grondschoul Nohëllef ginn.
Beim Projet geet et virop drëms, déi wäertvoll Kompetenze vun eelere Persounen ze valoriséieren. An eiser Gesellschaft géife Senioren nämlech dacks manner consideréiert, seet d’Aurelia Pattou, Grënnerin vum Projet an Directrice vun der a.s.b.l. Mouvement pour l’Egalité des Chances pour tous.
D’Michèle Barthélémy ass zanter engem Hallwe Joer "Super Senior". Reegelméisseg ënnerstëtzt si zwee Kanner an der Gemeng beim Léieren. Elo an der Pensioun hätt si e bëssen Zäit a wéilt eppes maache wat hir Spaass mécht. Berufflech huet d’Michèle laang an enger Informatikfirma geschafft. Enseignant muss een also net gewiescht si fir e super Senior ze ginn.
Opgrond vun engem CV an engem Motivatiounsbréif kann ee sech beim Mouvement pour l’Egalité des Chances pour tous mellen. Da ginn Tester gemaach am Franséischen, Mathé oder Däitsch, jee nodeem a wéi engem Fach een Nohëllef wëll ginn. Nieft enger Formatioun vun engem Dag, an där d’Kandidaten den aktuelle Schoulsystem erkläert kréien an Tipps fir mat de Kanner ze léieren, gi si awer och op en individuellen Entretien geruff, erkläert d’Aurelia Pattou. “Donc, il y a toute une sélection qui est faite qui est très importante étant donné que l’accompagnement scolaire se fait chez les parents et on ne fait pas rentrer n’'importe qui dans les foyers.”
D’Famille bezuelen 10€ pro Seance. 8 Euro dovunner kritt de Super Senior als Dedommagement fir d’Käschte vum Wee. Famillen déi sozial Hëllef kréien, bezuele souguer just 5 Euro.
D’Sue sinn also net d’Motivatioun, mee sech nëtzlech fillen. Verschidde Seniore sinn duerch de Kontakt mat de Famillen an de Kanner manner isoléiert, a kënnen och nieft dem schoulesche mol hëllefen. Bei der Integratioun zum Beispill, seet d’Mamm vum Asis. Engem 12 Joer ale Bouf dee virun 2 Joer mat senger Famill aus Westafrika op Lëtzebuerg koum an 1-2 Mol d’Woch vum Michèle Barthélémy Nohëllef kritt.
D'Nofro vu Säite vun de Famillje wär grouss, ënnersträicht d’Aurelia Pattou. Deemno géif ee sech iwwer nei "Super Senior" Kandidate freeën. Virop an de Gemengen Diddeleng an Dippech gëtt aktuell no motivéierte Seniore gesicht. Interesséierter kënne sech HEI mellen.