Police huet Membere vun internationaler Band festgeholl

© Envato
An Zesummenaarbecht mat auslänneschen Autoritéite konnt d'Police 2 Männer festhuelen, déi op d'Klaue vun SUVe spezialiséiert waren.
An de leschte Woche war hei zu Lëtzebuerg eng professionell organiséiert Grupp aktiv, déi sech op den Déifstall vun SUVe spezialiséiert huet. Den Ermëttler vun der Sektioun "Répression Grand Banditisme" vun der Kriminalpolice ass et, an Zesummenaarbecht mat auslänneschen Autoritéiten, gelongen, déi presuméiert Täter am Kader vun hiren Ermëttlungen z'identifizéieren.
Duerch geziilt operativ Moossnamen, an déi souwuel de Lëtzebuerger Parquet wéi och d'Spezialunitéit vun der Police involvéiert waren, konnten a Frankräich zwee geklaute Gefierer (Porsche Macan an Toyota RAV4) séchergestallt ginn.
An der Nuecht vun e Méindeg op en Dënschdeg goufen dunn hei zu Lëtzebuerg zwou verdächteg Persoune festgeholl. Bei den uschléissende Perquisitioune goufe preparéiert Nummereschëlter an elektronesch Apparater séchergestallt ginn, déi fir d'Klaue vu Gefierer gebraucht goufen.