Bal 14.000 Demandë mussen nach traitéiert ginn

Gedold ass gefrot. D'Ëmweltverwaltung huet 13.700 Dossieren do leien, déi meescht wéinst Installatioune vun Fotovoltaik-Installatiounen.
Fir Leit, déi nach op Suen waarden, déi se am Programm vum "Klimabonus Wunnen" ugefrot hunn, kéint dat sech nach eng Zäit laang zéien. An der Moyenne, sou de Ministère, gi "Klimabonus Wunnen"-Demanden, déi schrëftlech eragereecht goufen, bannent 10 Méint traitéiert.
Vill méi séier geet et bei de Primmen fir de "Klimabonus Mobilitéit", wou nëmmen nach 520 Demanden mussen traitéiert ginn. Wéi den Ëmweltminister schreift, ass ee vun de Grënn, datt et zu Retarden beim Ausbezuelen kënnt, well d'Dossieren onkomplett eragereecht goufen.
Gewaart gëtt jo drop, datt de Prefinanzement vu Fotovoltaik-Anlagen ëmgesat gëtt, wat da bedeit datt de Subside direkt bei der Rechnung gutt geschriwwe gëtt an datt d'Betriber séier solle vum Staat rembourséiert ginn.
Dës vereinfacht Method ass awer nach an der Prozedur a soll och fir de "Klimabonus Mobilitéit" gëllen. D'Informatioune huet den CSV-Minister Serge Wilmes op eng parlamentaresch Fro vum ADR-Deputéierten Jeff Engelen ginn.