Vill Froen a vill Äntwerten um éischte Pensiounsdag
Perséinlech Berodung fir oft individuell Situatiounen. D'Rendez-vouse bei der Pensiounskeess waren all ausgebucht. D'Reforme lafe fréistens 2026 un.
De ganzen Dag iwwer gouf zu Maarnech am Cube 521 informéiert. An u Froen huet et net gefeelt. Déi iwwer 250 individuell Rendez-vouse ware séier ausgebucht. D'lescht Joer gouf et bei der CNAP eng 24.000 Demandë fir Pensiounen. Spezifesch ass, dat 3/4 vun de Leit eng international Karriär hunn. Den Alain Reuter, President Pensiounskeess CNAP:
‘’Iwwer dee ganze Periode, wou een affiliéiert ass, kritt een all Joer ee Relevé vu senger Karriär geschéckt. Do gesäit ee jo dann, datt een no véierzeg Joer dru kënnt, a wann dat exklusiv zu Lëtzebuerg ass, dann ass kee Problem. Ech wëll net soen, datt mer dann an enger Woch kéinten eng Pensioun rechnen. Mee dann ass et eng Saach vun engem Mount, vun annerhallwem Mount. Par contre Leit, déi am Ausland geschafft hunn, do misst een sech op d'mannst sechs Méint Zäit loossen, fir datt mir eebe wierklech déi Zäit hunn, fir mat enger grousser Warscheinlechkeet déi auslännesch Periode kënnen eranzekréien.‘’
Fir onnéidegem Stress aus dem Wee ze goen, soll een sech mat Zäit fir seng Pensioun, e wichtege Schrëtt am Liewen, intresséieren. An net zécke fir individuell Berodung ze froen.

© Jeannot Ries - rtl.lu
Reform trëtt fréistens den 1. Juli 2026 a Kraaft
Op dësem éischte Pensiounsdag, ënnert dem Motto ''Mir komme bei Iech'', gouf nach op Basis vum aktuelle Gesetzestext informéiert. Op engem Ament, wou natierlech d'Pensiounsreform nei Froen opwerft. Deen Text gouf e leschte Freideg am Regierungsrot deposéiert. Fir elo, fréistens den 1.Juli d'nächst Joer, a Kraaft ze trieden.
"Wat maache mer? Mir verlängeren d'Karriär fir déi, déi mat 60 Joer a Pensioun wëlle goen, awer nach keng 40 Joer geschafft hunn. Dat ass den eenzege Message, dee mer haut wéilten als nei Mesure mat op de Wee ginn. An deen ee Mount, dee bäigesat gëtt, sou wéi den Text elo geschriwwen ass, gëllt dat eréischt ab Juli 2026", sou d’Ministesch fir sozial Sécherheet Martine Deprez.
D’Pensioun virbereeden, fir net vun 100 op Null, an e Lach ze falen
Direkt e puer Mol gouf ënnerstrach, wéi wichteg et ass, de Passage vum aktive Liewen, eriwwer an d'Pensioun, am Viraus virzebereeden.
Den Alain Brever, Direkter vu GERO.lu, dem Kompetenzzenter fir den Alter erkläert:
"D’Leit no der Pensioun, wat wëllen se als éischt maachen? Dat sinn déi dräi R: Raume, Raschte, Reesen. An effektiv soen eis Pensiouns-Coachen ëmmer: Jo, dat sinn déi éischt sechs Méint! A wat maacht Der dann duerno? An dann hu si natierlech och e ganzen Aktivitéitsprogramm, sou wéi all déi Stänn, déi hei ze gesi sinn. Et gëtt einfach vill, wat ee ka maachen, engersäits wou ee kann deelhuelen, an anerersäits wou een awer selwer kann Acteur ginn a sech aktivéieren."
Mat der Pensiounsreform wäert och méi einfach ginn, am Accord mat sengem Patron, lues a lues d'Aarbechtszäit ze reduzéieren, fir progressiv mat enger Deel-Pensioun vum aktive Liewen, eriwwer an d'Pensioun ze wiesselen.

© Jeannot Ries - rtl.lu