En Dënschdeg den Owend war den Ofschloss vum 8. Spilldag an der WM-Qualifikatioun am Futtball.

England huet sech en Dënschdeg den Owend als éischt europäesch Ekipp fir d'WM 2026 qualifizéiert. D'Three Lions hu mat hirem Trainer Thomas Tuchel beim 5:0 a Lettland och hire sechste Qualifikatiounsmatch gewonnen an hu sech domadder mat 18 Punkten déi éischt Plaz am Grupp K geséchert. Virun de leschten zwee Spilldeeg steet Albanien aktuell op der Playoff-Plaz mat 11 Punkten a Serbien kënnt op 10 Punkten.

Portugal muss dogéint no engem 2:2 géint Ungarn nach op de WM-Ticket waarden. Ronaldo a Co. hunn nëmme Sekonnen zur Victoire gefeelt, déi déi siwent WM-Participatioun noenee bedeit hätt. Zu Lissabon hat de 40 Joer ale Ronaldo (22'/45+3') tëschenzäitlech de fréie Réckstand duerch de Szalai (8') gedréint. De Szoboszlai (90+1) konnt Sekonne viru Schluss awer nach den Ausgläich markéieren.

De Ronaldo ass duerch seng Goler Nummer 40 an 41 elo deen erfollegräichste Goalgetter an der Geschicht vun der WM-Qualifikatioun. Am Fall vun enger Qualifikatioun fir d'WM wier et déi sechst WM fir de Portugis, dat ass bis ewell nach kengem Futtballer gelongen.

An der Tabell vum Grupp F steet Portugal op Plaz 1 mat 10 Punkten. Ungarn kënnt op 5 Punkten. Irland huet no der 1:0-Victoire géint Armenien 4 Punkten an Armenien huet der 3.

Am Grupp I ass et och weider spannend. Duerch eng 3:0-Victoire géint Israel  huet Italien op d'mannst d'Playoff-Plaz sécher a kënnt no sechs Matcher op 15 Punkten. Un der Spëtzt steet Norwegen mat 18 Punkten, déi en Dënschdeg spillfräi waren. Béid Ekippen hunn nach zwee Matcher ze spillen.

Am Grupp E huet Spuenien eng souverän 4:0-Victoire géint Bulgarien gefeiert a steet mat 12 Punkten un der Spëtzt. D'Tierkei kënnt no der 4:1-Victoire géint Georgien op 9 Punkten. Georgien huet 3 Punkten um Kont a Bulgarien der nach 0.

Am November ginn déi zwee lescht Spilldeeg vun der Qualifikatioun an Europa gespillt. Den Éischten aus all Grupp qualifizéiert sech direkt fir d'WM. D'Tabellenzweet ginn an de Playoff.

All d'Resultater an d'Tabellen